Riicht Eraus Soziolog: "Keng gutt Iddi d'Hamsterrieder nees unzewerfen"

Den däitsche Soziolog Hartmut Rosa gesäit de Lockdown als "e risegt Experiment fir eis Gesellschaft". Dat kéint ënner anerem dozou féieren, datt d'Klimapolitik méi ambitiéis gëtt.

Rick Mertens / cz

Hartmut Rosa, deutscher Soziologe, geb. 1965 | Hartmut Rosa, German sociologist, born in 1965
Foto: Juergen Bauer

Dei aktuell Kris géif weisen, datt d'Politiker méi Pouvoir hunn, wéi mer bis elo geduecht hunn, esou den Hartmut Rosa an eiser Emissioun Riicht eraus. Vill Bierger hätten a leschter Zäit net méi richteg un d'Politik gegleeft. D'CO2-Emissioune wären, zum Beispill, ëmmer weider geklommen - egal wat d'Politiker decidéiert hunn.

Deen Androck kéint sech awer elo änneren. Et wär net de Virus gewiescht, deen Ekonomie gebremst huet, betount den Hartmut Rosa: "Nee, et ware politesch Decisiounen." Déi hätten dozou geféiert, datt d'Fligeren hu missen um Buedem bleiwen, an datt praktesch keng Autoen méi ënnerwee sinn.

Kriseninstrumenter laangfristeg notzen

Genee deen Handlungsspillraum kéint d'Politik och no der Kris weider notzen, fir Klimaschutz-Mesuren ze huelen, mengt den Hartmut Rosa. Hie betount awer, dat géif net vum selwe geschéien. D'Tentatioun fir alles nees esou un d'Rullen ze bréngen, wéi virun der Kris, wier nämlech grouss: "D'Politik an d'Wirtschaft probéieren eis ze soen: Loosst eis d'Hamsterrieder esou séier wéi méiglech nees un d'Lafe bréngen."

Dat wier awer net onbedéngt eng gutt Iddi, well sech scho virun der Corona-Kris gewisen hätt, datt et problematesch ass ëmmer weider op Wuesstum ze setzen. Den Hartmut Rosa plädéiert dofir, datt déi aktuell Kriseninstrumenter och no der Kris genotzt ginn. Wann ee laangfristeg eppes wéilt erreechen, da bréicht een zum Beispill staatlech Arrêten, déi grousse Konzerner virschreiwen, wat se kënne maachen a wat net.

D'Bierger spillen eng wichteg Roll

Fir dat méiglech ze maachen, missten d'Politiker Courage weisen. Mee och d'Bierger géifen eng wichteg Roll spillen: Si kéinten d'Decisiounen, déi geholl ginn nämlech entscheedend beaflossen - zum Beispill duerch hire Choix an der Walkabinn.

Den Hartmut Rosa mengt, déi aktuell Kris kéint net just politesch Decisioune beaflossen, mee och individuell Choixen aus eisem Alldagsliewen.

Wann Dir wëllt wëssen, firwat hien dat esou gesäit, da kennt Dir de ganzen Interview mam dätsche Soziolog hei lauschteren:

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Dr. Jean-Claude Schmit
Deconfinement

D'Liwwer-Engpäss bei Maske wieren nach net komplett iwwerwonnen, mee de Marché géif erëm funktionéieren. Dat confirméiert den Direkter vun der Santé. Et wier wichteg, datt d'Qualitéit vun de Masken den Normen entsprécht.

Alex Skupin
Déconfinement

Wéi vill méi Infektioune mam neie Coronavirus bréngen d'Ouverture vun de Chantieren, de Butteker oder Schoule mat sech? Ee Fuerschergrupp mécht Prognosen, wéi d'Corona-Epidemie sech kéint weiderentwéckelen. Nach wier d'Datelag net ideal.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen