REMBOURSEMENT VUN DER PSYCHOTHERAPIE Sozialminister: CNS wëll weider no enger Léisung mat der Fapsylux sichen

De Sozialminister Romain Schneider sot eis, sengen Informatiounen no géif d'CNS sech deemnächst bei der Fapsylux melle fir eng Léisung ze sichen, am Dossier ronderëm de Remboursement vun der Psychotherapie.

Christiane Kleer / tt

Romain Schneider
De Sozialminister Romain Schneider. Foto: Archiv

Déi schwiereg Verhandlungen iwwer eng Konventioun tëscht CNS a Psychotherapeute leien de Moment op Äis. D'Fapyslux, d'Federatioun vun de Psychotherapeuten, wënscht sech eng méi inklusiv Léisung a verdeedegt hir Fuerderungen no méiglechst vill Fräiheet fir all Assuréen.

De Minister Romain Schneider seet, hie géif sech aus de Verhandlungen eraushalen, wënscht sech awer elo eng séier Léisung, well och déi betraffen Assuréeë géifen op ee Remboursement vun der Psychotherapie waarden. Iwwer d'Usätz fir aus dem Konflikt erauszekomme seet hien:

"E soll geléist ginn andeems ee sech verstänneg nach eemol zesummesetzt, datt een déi zwee Pabeieren déi een huet - deen aus der Mediatioun erausgaangen ass, wou d'Psychotherapeuten, d'Fapsylux, ëmmer gesot hunn, dat ass ee Pabeier dee ganz no un eise Virstellunge läit, an op der anerer Säit alles dat wat elo opgeschafft gouf an de Verhandlunge vun de leschte Wochen, nach eemol nieftenee leet a kuckt eben ze probéieren aus deenen zwee Pabeieren eng Konventioun ze kréien, déi fonctionéiert an déi de Startschoss gëtt fir an der Nomenclature déi richteg Tariffer drop ze setzen."

D'Presidentin vun der Fapsylux, Delphine Prüm hat um Mëttwoch ze verstoe ginn, d'Federatioun wier net averstane mat der aktueller Positioun vun der CNS an de Verhandlungen. Mee de Ball léich awer elo bei der Gesondheetskeess.

Méi zum Thema

Delphine Prüm
Remboursement vun der Psychotherapie

D'Federatioun vun de Psychotherapeuten, Fapsylux, hofft datt d'Verhandlunge mat der Gesondheetskeess iwwer de Remboursement vun der Psychotherapie séier erëm ukommen. De Besoin fir Prise en chargë bei engem Psychotherapeut wier aktuell grouss.

Delphine Prüm
Remboursement

D'Fapsylux kritiséiert, datt d'CNS en direkten Accès op d'Psychotherapie just am Fall vu liichte a moderate Probleemer wéilt rembourséieren. Dat géif net deem entspriechen, wat an den aktuelle Verhandlunge zur Debatt géif stoen.

Delphine Prüm
Federatioun vun de Psychotherapeuten

De Sozialminister Romain Schneider huet e groussherzoglecht Reglement iwwer de Remboursement vu psychotherapeutesche Seancen ausgeschafft. D'Delphine Prüm, Presidentin vun der Fapsylux, kritiséiert dëse Projet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen