Lëtzebuerger Presselandschaft Sozialkonflikt bei Saint-Paul

Beim Grupp Saint-Paul gëtt et ee Sozialkonflikt. Well am Juli eng garantéiert Primm net ausbezuelt gouf, ass d'Gewerkschaft LCGB elo mat der Direktioun op der Schlichtung.

Maxi Pesch / cz

Luxemburger Wort
Foto: Archiv

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschteren


D'Direktioun hätt bis ewell kee klore Grond genannt, wisou déi Primm net ausbezuelt gouf, kritiséiert den Delegéierte vum Grupp Saint-Paul Guy Pelletier. D'Generaldirektioun gesäit dat anescht. Si hätt eegenen Aussoen no konkret Grënn genannt, mee wollt net op Detailer agoen. Et wier ni zu enger Kommunikatioun vun der Direktioun komm, wat d'Ursaache vun där Mesure uginn. "Et war einfach: déi gëtt net ausbezuelt", esou de Guy Pelletier.

D'Generaldirektioun hätt eegenen Aussoen no awer konkret Grënn genannt, mee wollt net op Detailer agoen. D'Delegatioun géif sech Suerge fir d'Zukunft maachen, esou nach de Guy Pelletier.

"An do stellt ee sech Froen, wéi et fir d'Zukunft ausgesäit. Ech mengen déi sanitär Kris, déi mir hunn, impaktéiert mat Sécherheet all Mediebetriber. Ech mengen, déi Primm war en éischte Schock. An ech hoffen, datt et bei deem Schock bleift."

D'Gewerkschaft LCGB huet elo decidéiert op d'Schlichtung ze goen. En Datum ass nach net virgesinn.

Méi zum Thema

Verschidde Presseoranger
Corona-Kris

D'Regierung huet eng ausseruerdentlech Hëllef fir d'Press decidéiert. D'Editeure kënne bis zu 200.000 Euro steierfräi Hëllef kréien a weise sech an enger éischter Reaktioun zefridden.

Leo Wagener
Mediewelt

D'Decisioun fir Saint-Paul ze verkafe géif op laangfristegen Iwwerleeunge baséieren. Et wier "domm" gewiescht, d'Editiounshaus einfach ze verkafe fir domat d'Paie vun de Paschtéier ze bezuelen, seet de Leo Wagener.

Luxemburger Wort
Lëtzebuerger Presselandschaft

D'Editiounshaus Saint-Paul, dat nieft dem Wort och den Télécran an déi englesch-sproocheg Luxembourg Times erausgëtt, huet haut matgedeelt, datt de Grupp vum belsche Medienkonzern Mediahuis NV opkaf gëtt.

François Pauly
Medien zu Lëtzebuerg

Saint-Paul wier net op d'Pressehëllef ugewisen, wéilt awer net drop verzichten, seet de François Pauly. E faire Marché wier wichteg. Dofir missten och d'Concessiounsverträg vum radio 100,7 an RTL an zukünfteg Iwwerleeunge mat afléissen.

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen