arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonndesstonnen am Commerce

Code du Travail

|
reading time

4 min

Sonndesstonnen am Commerce

Bei Kontrolle vun der ITM viru Chrëschtdag ass opgefall, datt eng ganz Rei Commercen de Code du Travail net géifen anhalen. Dat well hir Mataarbechter Sonndes méi wéi véier Stonne géife schaffen. Dat bréngt Problemer fir Patronen a fir d'Salariéë mat sech, well dat sech iwwer d'Joren esou agebiergert huet.

reading time

4 min

Viru Chrëschtdag hat d'ITM eng grouss ugeluechte Kontroll am Secteur gemaach.

Sonndesstonne ginn net agehalen

Ee vun de Verstéiss, déi do festgestallt goufen, war datt d'Aarbechtsrecht a Punkto Sonndesstonnen net géif agehale ginn, esou den David Angel vum OGBL. Vu Januar u wiere Bréiwer un d'Betriber gaangen, mat engem Delai fir sech un d'Reegele vun de Sonndesstonnen ze konforméieren.

Op där anerer Säit gëtt et d'Gesetz iwwer d'Heures d'ouvertures, dat et de Geschäfter erlaabt all Sonnden tëschent 6 an 13 Auer, also siwe Stonnen, opzehunn, wou och Derogatioune vum Mëttelstandsministère méiglech sinn.

Dovu géif vill Gebrauch gemaach, seet den David Angel vum OGBL. Vill Gemengen uechter d'Land hätten där Derogatiounen, sou datt "am Fong d'Ladenöffnungszäitegesetz iwwerhaapt net méi gräift", seet den David Angel.

Verschidden Derogatioune si méiglech

Och am Code du Travail sinn Derogatioune méiglech, seet de Claude Bizjak vun der Handelskonfederatioun CLC: fir sechs Sonndeger am Joer aacht Stonne schaffen ze kënnen oder awer fir de Fall, datt een e groussen Deel vum Chiffre d'affaires Sonndes mécht, respektiv an enger Konkurrenzsituatioun ass.

Fir den Detail vun Derogatioune sollten zwee Réglements grand-ducaux geholl ginn, déi bis haut feelen, esou de Claude Bizjak.

Do wier Deels Konfusioun mat den Derogatiounen, fir no 13 Auer nach ze schaffen opkomm: esou hätt sech déi Situatioun agebiergert, an där Sonndesstonnen net ëmmer respektéiert ginn.

Salariéë wëllen net Sonndes schaffen

Dofir wieren et och d'Salariéen, déi elo e Probleem hätten, betount hien:

"(Et huet) ee Leit, déi 45 Minutte mam Auto schaffe kommen a just véier Stonnen dierfe schaffen, an do muss ee wierklech soe 'dierfen' schaffen. Well et ass eng Demande do vun deene Leit fir méi ze schaffen, well jo och Majoratioune bezuelt ginn an/oder Kompensatiounen um Niveau vum Congé kënne gemaach ginn."

Datt d'Salariéë vu sech aus wëlle Sonndes schaffen, wier net de Fall, seet den David Angel. Dat géif eng Etüd vum Liser weisen.

Mee an deene Gemengen, wou Sonndes d'Geschäfter op sinn - dat wier virun allem am Norden an an de Grenzregiounen de Fall, wier et esou, "datt de Sonnden integrale Bestanddeel vun der Aarbechtswoch vun de Salariéen ass, d'Sonndessupplementen och integrale Bestanddeel vun der Bezuelung do sinn."

Wéi een Impakt op d'Aarbecht?

Den David Angel fäert net, datt Aarbechtsplaze verluer ginn, wann d'Betriber sech mussen un d'Véier-Stonnen-Reegel halen an dowéinst net méi Sonndes géifen opmaachen.

Et géif sech hei ëm vill Studentenjobs a prekär Plazen handelen, déi keng grouss Incidence op den Emploi am Secteur hätten. Am aner Fall mengt hien, datt dann nach méi Leit misste Sonndes schaffe kommen.

De Claude Bizjak gesäit dat anescht, wa Betriber, déi Sonndes vill Ëmsaz maachen, missten zoubleiwen.

Wann ee vun haut op muer 20 bis 30 Prozent vu sengem Chiffre d'affaire géif verléieren, dann hätt dat Konsequenzen "op de Besoin vun de Leit, déi ee brauch."

Eng gemeinsam Propos fir de Minister

Falls den aktuelle Gesetzeskader dat erlaabt, kéint een de Probleem iwwer de Wee vum Kollektivvertrag reegelen, fënnt den David Angel. Anescht wier déi eenzeg Léisung, "datt d'Gesetz respektéiert gëtt, an datt et sech domadder huet."

play_arrow Lauschteren

Dat géifen d'Commerce lo maachen, seet de Claude Bizjak. Mee fir op méi Stonnen ze kommen, seet hien, datt ee court-terme mat deenen Derogatioune misst schaffen.

Hie confirméiert, datt et Gespréicher mat de Gewerkschafte gëtt:

"Wou d'Iddi eventuell ass, datt mer mat hinnen eventuell en Accord national fannen, dee mer dann dem Minister vläicht kéinte proposéieren. An datt mer dann eng Solutioun hätten, mat där jidderee kéint liewen."

Kersch: Weider Kontrolle geplangt

Den Aarbechtsminister Dan Kersch kënnegt weider Kontrollen am Commerce an deenen nächste Wochen un.

play_arrow Lauschteren

Hie wier awer och bereet iwwer eng eventuell Ännerung vum Gesetz ze schwätzen, wa Patronat a Gewerkschaften op dee Wee wëlle goen, esou den Dan Kersch:

"Wann do Léisunge méiglech sinn, da wäert ech mech dem net opposéieren. Mee wann et awer keng Léisunge gëtt, wa keng Arrangementer méiglech sinn - an déi gëtt et zënter Joerzéngten net, well déi Diskussioun gëtt et scho ganz, ganz laang mat Ausernanersetzungen, wou et net zu Eenegunge kennt - dann ass einfach d'Gesetz anzehalen, do brauche mer net laang driwwer ze diskutéieren. Dat ass fir mech evident."