Logement Geplangte Kapitalerhéijung bei der SNHBM

Bei der "Société Nationale d'Habitation à Bon Marché" gëtt de Moment un enger Kapitalerhéijung geschafft. Dat huet den Direkter Guy Entringer dem radio 100,7 confirméiert. Wéinst hirer Expansioun soll d'SNHBM eng Zomm vu viraussiichtlech zéng Milliounen Euro zousätzlech zur Verfügung gestallt kréien. De Gros vun de siwen Aktionäre vun der Societéit hu schonn hir Bereetschaft erkläert, fir beim Opstocke vum Kapital matzemaachen.

Serge Kesseler / ys

Exklusiv Chantier
Foto: Bigstock

D'Gesellschafts-Kapital vun elo 56 Milliounen Euro vun der SNHBM soll am Laf vun dësem Joer ëm ronn 20 Prozent opgestockt ginn.

Dat wier eng realistesch Zäitschinn, sou den Direkter Guy Entringer. Bis d'Sitzung vum Verwaltungsrot Mëtt Februar sollen alle siwen Aktionären hir Bereetschaft matgedeelt hunn, fir bei der geplangter Kapitalerhéijung matzemaachen.

D'SNHBM wëllt an Zukunft méi Wunnraum schafen. Dat wier de Grond, fir dat geplangtent Opstocke vum Kapital, erkläert den Direkter. Et wéilt ee virun allem weider an Terrainen investéieren an d'Locatiounswunnengen am grousse Stil ausbauen.

D'SNHBM ass e soziale Promoteur, deen zënter 1919 alles an allem eng 9.000 Logementer geschaaft huet. "Mir sinn en pleine expansion", seet den Direkter Guy Entringer. Vun 230 Unitéiten d'lescht Joer wéilt een 2017 iwwer 250 Unitéiten attackéieren.

D'SNHBM wier am gaangen, fir sech op d'Erausfuerderunge vun der Zukunft anzestellen, betount och de Logementsminister Marc Hansen. "Zu deenen Defie gehéiert och, datt si an der Produktioun vu Logementer nach méi solle bauen." Well de Staat Haaptaktionär wier, géif hien déi néideg Efforte maachen, fir mam Finanzminister doriwwer ze schwätzen, sou de Marc Hansen.

D'Aktionäre vun der SNHBM sinn, nieft dem Lëtzebuerger Staat, de Fong, deen d'Rentereservë geréiert, d'Spuerkeess an déi véier Gemenge Lëtzebuerg, Esch, Déifferdeng an Diddeleng.

Méi zum Thema

Stone fence texture - building feature. Texture of concrete fence with relief and texture like a stone wall
Immobilien

D’Zil gouf nach net erreecht, fir fënnef Prozent vun den ëffentleche Pensiounsreserven am nationalen Immobiliësecteur unzeleeën. 2015 war ee mat knapp 400 Milliounen Euro nach net grad op hallwer Streck.

Gilles Hempel
Logement

Den Direkter vun der "Agence immobilière sociale" fuerdert gedeckelt Loyeren an d'Zwangsverpachtung vun Terrainen. Sou kéint een déi héich Logementspräisser an de Grëff kréien, seet de Gilles Hempel.

Habitat III
Infrastruktur

Déi nei urban Agenda vun der Habitat III Konferenz vun de Vereenten Natioune gëtt Richtlinne fir eng nohalteg, inklusiv a resistent Urbanisatioun. Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

immobilien.jpg
Risikofacteur Immobilien

Vum Immobiliesecteur hei am Land kéint ee méigleche systemesche Risiko ausgoen. Dat schreift de Comité du risque systémique a sengem alleréischte Rapport, deen eis virläit. Et gëtt eng Analys gemaach.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen