Impfcampagne Skepsis géigeniwwer AstraZenca kéint wuessen
Vun haut u gëtt hei am Land nees mat AstraZeneca geimpft - dräi Deeg war dat elo net de Fall. Et wier schwéier ofzeschätzen ob, a wa jo: wéi vill Vertraue bei de Leit wéinst där Ënnerbriechung verluer gaangen ass, seet de Luc Feller. Den Haut-Commissaire à la Protection nationale, dee fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne zoustänneg ass, geet awer dovun aus, dass d'Skepsis e bëssen an d'Luucht geet.
Dofir misst vill informéiert gi, seet de Luc Feller. D'Dokteren an den Impfzenteren hätten an de leschte Stonnen all d'Donnéeë kritt, fir d'Leit kënnen ze briefen. Et bleift awer derbäi, dass den Eenzele sech den Impfstoff net eraus siche kann. Wien drop verzicht, mat AstraZenca geimpft ze ginn, muss erëm heemgoen an op den nächste Rendezvous waarden.
Capacitéite vu bis zu 96.000 Impfungen d'Woch
Da lafen d'Virbereedunge fir d'Impf-Capacitéiten hei am Land massiv eropzesetzen, fir prett ze sinn, wann och massiv méi Vaccin do ass: d'Impfzentere sinn da sechs Deeg d'Woch wärend 12 Stonnen op sinn, also 72 Stonnen d'Woch am ganzen amplaz 60 haut. Et soll och nach ee weideren Zenter bäikommen, doduerch géif een op eng Capacitéit vu 95.000 bis 96.000 Impfungen d'Woch kommen, see de Luc Feller.
Fir dës Impfungen ze maache ginn och kéipweis Professionnels de santé gesicht, fir eng Hand mat unzepaken. Et sinn Appeller an d'Richtung vu verschiddene Beruffsgruppe gemaach ginn. Den Echo wier ganz positiv seet de Luc Feller, beispillsweis bei de Kinéen, wou sech 280 Leit gemellt hunn.
Taux de participation vu 76,8 Prozent an der Phas 2
D'Phas 2 vun der Impfcampagne ass esou gutt wéi ofgeschloss. De Luc Feller kuckt mat d'Satisfaktioun op d'Chifferen: Stand haut de Moie wier ee bei engem Taux de participation vu 76,8 Prozent bei de Leit iwwer 75 Joer. "Ech mengen, datt dat schonn e ganz gudden Taux de participation ass", esou den Haut-Commissaire à la Protection nationale
Haut ginn dann déi éischt Invitatioune fir déi nächst Kategorie eraus: Leit aus der Tranche 70 bis 74 Joer.