arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Skandal an der belscher Majoritéit

Belsch

|
reading time

3 min

Skandal an der belscher Majoritéit

De belsche Co-President vun der Grénger Partei gëtt ëffentlech zou, datt hien d'Covid-Restriktiounen net méi respektéiert. D'Geständnes vum Politiker aus de Majoritéitsreien huet d'Ëffentlechkeet skandaliséiert.

reading time

3 min

An engem Interview op der RTBF huet de Co-President vun der Grénger Partei Jean-Marc Nollet dëse Mëttwoch zouginn, datt hie sech net méi un d'Reegelen hält, déi géint d'Verbreedung vum Coronavirus dekretéiert goufen.

Kritik un der Bulle sociale

Et wier net méi méiglech, Kontakter mat nëmmen enger eenzeger Persoun ze hunn, wéi dat zanter November d'Reegel ass.

Et ass déi sougenannte Bulle sociale, déi am Mëttelpunkt vun dëser Polemik steet. Zanter November dierf eigentlech all Stot an der Belsch nëmmen eng eenzeg aner Persoun doheem empfänken.

D'Geständnes vum Politiker aus de Majoritéitsreien huet d'Ëffentlechkeet skandaliséiert.

"Inacceptable" huet de Maxime Prévot, President vum chrëschtlechsoziale CDH gemengt, "Les bras m'en tombent" war d'Reaktioun vum President vum Parti Socialiste, dem Paul Magnette.

Wéi keent ee vum Bierger erwaarden, datt hie Reegele respektéiert, wann dat net de Fall bei de Politiker wier. "Les règles s'appliquent à tout le monde", huet de Premierminister Alexander de Croo gemengt.

D'Reaktioun vum President vun de frankophone Liberalen, dem Georges-Louis Bouchez, dee schonn zanter längerem fir méi labber Reegele plädéiert, war allerdéngs méi nuancéiert.

Och wann e Politiker misst d'Prinzippie respektéieren, wéi all Bierger, wier déi "bulle" vun enger Persoun pro Stot zanter November net méi realistesch. An dobäi hat de Jean-Marc Nollet nach am Dezember de Bouchez kritizéiert, deen deemools wollt fir Chrëschtdag d'Bulle méi grouss maachen.

Wie ka vun der Corona-Middegkeet profitéieren?

D'Aussoe vum Jean-Marc Nollet schwächen d'Positioun vu senger Partei an der Majoritéit weider, no enger Polemik ronderëm d'Schléissung vun de Guicheten an de Garen tëschent dem Mobilitéitsminister an der SNCB virun zwou Wochen.

Anerersäits huet hien domat awer och enger ëmmer méi grousser Tendenz a senger Partei Rechnung gedroen: de generelle "ras-le-bol" vun de Leit vis-à-vis vun de Restriktiounen an Aschränkungen. Sou wëllt seng Partei effektiv en déconfinement starten an och d'Kultur erëm opliewe loossen.

De Premierminister Alexander De Croo hat nach e Méindeg op enger Pressekonferenz versicht, eng wëssenschaftlech Basis fir d'Restriktiounen ze weisen. Hien hat e Mathematiker agelueden, fir déi verschidden Zenarioen ze erklären, wann d'Mesuren ze fréi géifen opgehuewe ginn.

Perspektive ginn, dat wollt den Alexander de Croo, mee de Message war éischter anxiogène, fir eng drëtt Contaminatiounswell ze evitéieren. Effort'en missten nach am Mount Mäerz gemaach ginn, virun allem well d'Impfunge bei wäitem net esou séier viru gi wéi dat geplangt war.

De Gesondheetsminister hat leschte Weekend all Hoffnungen op méi labber Mesuren erstéckt. Domat hat hien d'Membere vum Comité de Concertatioun, deen dat eigentlech e Freideg soll decidéieren, op d'Roll vun einfach Statiste reduzéiert.