No Reprochen an Auditten SIGI: Yves Wengler trëtt als President zeréck

Den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler huet den Dënschdeg Owend wärend enger Comitéssëtzung vum SIGI, seng Demissioun als President annoncéiert. Hie war zënter 2001 President vum Gemengesyndikat fir d'Gestioun vun der Informatik.

Carole Schimmer / cz

Yves Wengler
Foto: Archiv

Lauschteren


Den Yves Wengler trëtt als President vum SIGI zeréck. Dat huet den Iechternacher Buergermeeschter, deen zanter Juli 2001 President vum Gemengesyndikat fir d'Gestioun vun der Informatik war, en Dënschdeg wärend enger Comités-Sëtzung ugekënnegt.

Wärend der Reunioun goufen d'Resultater vun dräi Auditte presentéiert. Hien huet betount, datt et dee richtegen Ament wier, enger anerer Persoun déi Charge ze iwwerloossen, elo wou déi dräi Auditten ofgeschloss sinn.

"Ech hunn eng politesch Verantwortung, dat ass ganz kloer an déi huelen ech."

Den Audit iwwert de Fonctionnement vum SIGI gouf gëschter Owend virun de Gemengevertrieder presentéiert. E gouf d'lescht Joer an Optrag ginn, fir déi finanziell Gestioun vum Gemengesyndikat, d'Personalgestioun an d'Satisfaktioun vun de Clienten ze analyséieren.

Vu schlechter Kommunikatioun bis hin zu Konflikter

Den Audit huet eng ganz Serie vu Problemer bei der Personalgestioun opgedeckt. 80 Prozent vun de Mataarbechter hate kee Vertrauen an de Service Relations humaines. Dräi Véierels vun de Läit hu gesot, datt d'Kommunikatioun mat der Direktioun schlecht wier. 40 Prozent hunn ausgesot, datt se een Aarbechtskonflikt gehat hätten. 57 Prozent hunn ausgesot, datt se Zeie gewiescht wiere vun esou engem Konflikt.

A wa bei der Finanzgestioun keng Illegalitéite sollen engem Communiqué no notéiert gi sinn, esou huet et un enger analytescher Comptabilitéit gefeelt.

Och op Clientssäit ware bal d'Hallschent vun de Gemengen net zefridden iwwer d'Léisungen, déi de SIGI proposéiert huet. Déi bréngen dem Syndikat dann och wéineg Vertrauen entgéint, datt dat an Zukunft besser gëtt.

Mat engem Rettungsplang soll an de nächste sechs Joer de Fonctionnement verbessert ginn. Dat dann ënner engem neie Präsident. Den Direkter Carlo Gambucci ass zënter den éischte Virwërf am Juli vum leschte Joer krank geschriwwen.

Méi zum Thema

SIGI
Syndicat intercommunal de Gestion informatique

Beim SIGI rumouert et, dat hat Reporter.lu a verschidden Artikele beliicht. Problemer géifen et ginn um Niveau vun de Relatiounen tëschent dem Personal an der Direktioun.

OGBL-Protest virum SIGI
Protestpiquet

Den OGBL kritiséiert verstäerkte Mëssstänn an de leschte Méint beim Gemengesyndikat SIGI. Et géif ënner anerem e Konflikt wéinst Aarbechtsstonnen am Télétravail goen, déi am Decompte verschwonne wieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen