Franséisch Presidentiellen 2017 Sich no Majoritéit an zersplitterter Parteielandschaft

Frankräich läit majoritär politesch riets. Déi Konklusioun zeien de Jacques Hillion (Le Jeudi) an Gaston Carré (Luxemburger Wort) nom éischten Tour vun de Presidentiellen. Béide Journalisten no wäert den Emmanuel Macron Schwieregkeete kréien, fir eng stabel Majoritéit zesummen ze kréie bei de Legislativwahlen am Juni. Falls hien den zweeten Tour gewënnt. Wouvu béid Fransousen ausginn.

Mick Entringer / ys

Carré-Hillion.jpg
Gaston Carré a Jacuqes Hillion

Aus den zwou traditionelle Parteien "Les Républicains" an dem "Parti Socialiste" wäert ënnert engem méigleche President Emmanuel Macron keng nei grouss Zentrumspartei ervirgoen, mengen déi zwee Fransousen a Journalisten. Déi zwee politesch Courante vun de Konservativen an de Sozialiste wäerten erhale bleiwen. Dem Gaston Carré no wier et awer méiglech, datt aus dem PS eng nei sozial-demokratesch Partei entsteet, no däitschem Modell. Woubäi de Journalist vum Lëtzebuerger Wort sech freet, wat de Kandidat Macron inhaltlech eigentlech duerstellt.

Le Pen am zweeten Tour katastrophal

De groussen Evenement vun dëse Wahlen ass fir de Gaston Carré, datt d'Marine Le Pen en historescht héicht Resultat fir de rietsextreme Front National gemaach huet. Dat wär een "Résultat calamiteux".

Bei dëse Wahle wier et net wéi 2002, fënnt sengersäits de Chefredakter vun der Wochenzeitung "le Jeudi". De Front National am zweeten Tour wär keen Accident méi, mee mëttlerweil eng etabléiert Partei a Frankräich. Déi Wale géifen och weisen, datt et e Broch a Frankräich gëtt tëscht Pro-Europäer a Géigner vun Europa, seet de Jacques Hillion.

Eng schwiereg parlamentaresch Majoritéit

An der "Assemblée nationale", déi am Juni nei gewielt gëtt, wäert et schwiereg ginn, eng stabel regierungsfäeg Majoritéit zesummen ze kréien. Ganz séier wäerte sech d'Clivagë weisen, seet de Gaston Carré.

Fir de Jacques Hillion ass den Emmanuel Macron zwar nach em zimlech neit Gesiicht an der Politik. Trotzdem géif de fréiere Wirtschaftsminister och fir eng Kontinuitéit vun der liberaler Wirtschaftspolitik vum Nach-President François Hollande stoen - ouni sozialistesch Etiquette. De Chefredakter vum Jeudi rechent domadder, datt d'Droite bei de Legislativwale am Juni gestäerkt wäert ginn an.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

En-Marche-Luxembourg.jpg
Franséisch Presidentiellen 2017

Och zu Lëtzebuerg hu sech déi lokal Sektioune vun de politesche Parteie mobiliséiert. D'Sympathisante vun En Marche sinn zefridden. Bei de Sozialisten ass d'Enttäuschung grouss. Ee Stëmmungsbild.

Le Pen & Macron
Franséisch Presidentiellen 2017

97 Prozent vun de Stëmme sinn ausgezielt: Den Emmanuel Macron (En Marche) kënnt op 23,86 Prozent vun de Stëmmen. d'Marine Len Pen (Front National) op 21,43 Prozent.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen