Fussball "Si hunn e Wee gemaach"
Mat engem Frëndschaftsmatch den Owend géint Éisträich preparéiert d'Lëtzebuerger Fussball-Nationalekipp sech op déi zwou lescht Partien an der Nations League: op Zypern a géint den Aserbaidschan geet et e Samschdeg an en Dënschdeg drëm, déi éischt Plaz Grupp ze verdeedegen.
2018, bei der éischter Editioun vun der Nations League, war Lëtzebuerg och als Tabelle-Leader an dee leschten duebele Spilldag gaangen, mee deemools haten d'Nerven um Enn net matgespillt. Dës Experienz wier awer nëtzlech fir d'Spiller, déi och an Tëschenzäit zwee Joer méi al a méi erfuere gi sinn. "Si hunn e Wee gemaach", esou den FLF-President Paul Philipp.
Mee och d'Géigner wieren dës Kéier anerer: de Paul Philippe mengt, datt d'Chancë souwuel géint Zypern wéi och géint den Aserbaidschan 50:50 wieren, och wa Lëtzebuerg schonn zweemol gewonnen hätt. "Mee dat sinn awer Géigner, déi virun enger ganz rezenter Zäit an all Klassement nach virun eis waren."
Kee Gala-Match am neie Stadion
De Frëndschaftsmatch den Owend géint Éisträich an déi méiglecherweis decisiv Partie an der Nations League den nächsten Dënschdeg géint den Aserbaidschan sinn déi zwou lescht Partien, déi d'Lëtzebuerger Fussball-Nationalekipp am Stade Josy Barthel wäert spillen, am Prinzip.
Aus engem Gala-Match fir d'Ouverture vum neie Stadion géif awer mat Sécherheet näischt ginn, seet de Paul Philipp. Villméi géif et drop erauslafen, datt et am Mäerz mat engem Qualifikatiouns-Match fir d'WM 2022 op der Kockelscheier lassgeet - wann de Stadion da bis dohi fäerdeg ass.
De Kalenner ass voll
Virum Match géint den Aserbaidschan steet haut nach e Frëndschaftsmatch géint Éisträich um Programm. Datt esou vill Matcher gespillt ginn, wier eng Obligatioun vun der UEFA. "Ech huelen u wéinst Televisiounsgelder", seet de Paul Philipp.
D'UEFA wéilt awer och weisen, datt een nach Datumer kéint fanne fir Länner- a Frëndschaftsmatcher ze spillen, och wann déi grouss Veräiner aus dem Ausland ëmmer méi géifen drécken, datt déi ofgeschaaft ginn.