No engem knappe Joer Pandemie hu sech Politik a Medien an Däitschland gutt agespillt, jiddefalls wat d'Decisiounen iwwer verlängert Restriktiounen ugeet. Wa sech, wéi haut och, d'Kanzlerin an d'Ministerpresidenten treffen, fir dat weidert Virgoen ze beschwätzen, da kann een dovun ausgoen, datt d'Medien den Dag virdru schonn d'Pläng um Dësch leien hunn.
Sou dann och des Kéier: Schonn en Dënschdeg ass lues a lues erauskomm, mat wéi enge Pläng d'Kanzleramt an d'Bundeslänner an d'Gespréicher ginn. Am Géigesaz zu de Méint virdru schéngt et dës Kéier déi grouss Eenegkeet ze ginn: De Shutdown gëtt verlängert, op mannst bis Ufank Mäerz. E genauen Datum wäert dann an de Verhandlunge bestëmmt ginn. Zur Erënnerung: Däitschland stécht aktuell a sengem 4. Lockdown-Mount hannerteneen.
Spiegel: Bundeslänner wënsche sech e bundeswäite Stufeplang
Bei de Verhandlungen tëscht Bund a Länner dierften dann haut och fir d'éischte Kéier zënter November nees Gespréicher iwwer zukünfteg Lockerunge gefouert ginn. Wéi aus de Verhandlungskreesser gemellt gëtt, wier all den Acteuren awer kloer, datt haut keng Lockerunge beschloss ginn. Et wéilt een awer de Wee dofir preparéieren an eng Perspektiv bidde fir "eng Normaliséierung vum Alldag".
Besonnesch déi Bundeslänner mat vergläichbar geréngen Infektiounszuele fuerderen nämlech eng Lockerung vu verschiddene Mesuren. D'Länner Niedersachsen a Schleswig-Holstein hu sougenannte Stufepläng virgestallt. Wéi de Noriichtemagasinn Der Spiegel gemellt huet, géife sech verschidde Bundeslänner e bundeswäite Stufeplang wënschen.
Zum Sträitpunkt kéinten - wéi scho sou oft an de Gespréicher tëscht Bund a Länner - d'Schoule ginn. Wärend d'Kanzlerin Angela Merkel op kee Fall virum 1. Mäerz d'Schoulen a Crèchen nees well opmaachen, plange verschidde Länner scho mam 15. Februar - also mat nächster Woch.
Verschidde Stëmme fuerdere Lockerungen
An de leschten Deeg sinn an Däitschland nees Stëmmen haart ginn, déi d'Lockerung vun de Mesurë fuerderen - besonnesch fir Deeler vum Commerce. Well a Groussstied wéi München den Inzidenzwäert nees ënner 50 gefall ass, haten zum Beispill d'Coiffere gefuerdert, nees opmaachen ze dierfen.
Op ganz Däitschland gekuckt ginn d'Infektiounszuelen am Verglach zu de Virméint erof a sinn esou lues nees um Stand vun Oktober. Allerdéngs ass d'Zuel vun Doudesfäll weider héich. Zënter dem Ufank vun der Pandemie si mëttlerweil an Däitschland 63.000 Leit u Covid-19 gestuerwen.