Wirtschaft SES: "Mir maache keng Politik a China"

De Satellittebedreiwer vu Betzder wëllt geschwënn Internet-Connectioune fir Fligeren a China ubidden. Als Privatentreprise kéint d'SES net dofir responsabel gemaach ginn, datt déi chinesesch Regierung den Internet staark iwwerwaacht, esou de Senior Vice President Philippe Glaesener.

Rick Mertens

Philippe Glaesener.JPG
Philippe Glaesener

D'SES wëllt bannent den nächsten 12 Méint an de chinesesche Marché eraklammen: An enger éischter Phas sollen Internet-Connectioune fir Fligeren a China ugebuede ginn, spéider soll d'China-Geschäft da weider ausgebaut ginn, esou de Philippe Glaesener.

Politesch Kontakter maachen Dieren op

De Senior Vice President war rezent bei der offizieller Visite vum Premier Xavier Bettel a China dobäi. Hien ënnersträicht, esou politesch Kontakter wäre ganz wichteg, "well a China alles esou gemaach gëtt, wéi d'Regierung et wëll."

Dës staark politesch Kontroll war ee vun de Grënn, firwat d'SES 2007 hir Bedeelegung un AsiaSat nees verkaf huet. Der SES huet deemools ronn een Drëttel vum asiatesche Satellittebedreiwer mat Sëtz zu Hongkong gehéiert - de Recht war a chinesescher Hand. "Et war schwéier mat der chinesescher Säit ze verhandelen. Wa mir eppes wollte maachen, da war et heiansdo schwéier dat duerchzedrécken," seet den Philippe Glaesener am Réckbléck.

Eng Nisch, déi séier wiisst

Trotzdeem ass hien optimistesch, datt et der SES dës Kéier geléngt um chinesesche Marché Fouss ze faassen. D'Internet-Connectioune fir Fligere wären ne "Nischemarché", dee séier wiisst: "D'SES huet haut 2500 Fligeren an déi mir reegelméisseg Internet liwweren. De chinesesche Marché eleng wäert an den nächste fënnef Joer eng Explosioun gesinn vun ongeféier 7000 zousätzleche Fligeren." Dat wären "enorm Datevolumen", fir déi d'Chinesen net genuch eege Capacitéiten hätten.

Wann d'SES et fäerdeg bréngt, sech an dëser "Nisch" z'etabléieren, kéint een an enger "zweeter oder drëtter Phas" och drun denken, "Internet um Buedem" a China unzebidden, esou de Philippe Glaesener. Bis dat méiglech gëtt, misst een awer nach "vill Hürden iwwerbrécken", China wär nämlech "méi restriktiv" mam Internet wéi Europa.

Politik muss een anere maachen

Zu dëse Restriktioune gehéiert, datt déi chinesesch Regierung Internetsäite wéi Google a Facebook blockéiert. De Philippe Glaesener ënnersträicht awer, d'SES kéint als Privatentreprise net fir esou politesch Desicioune responsabel gemaach ginn: "Mir hunn e Business ze verteidegen. (...) Mir agéieren natierlech am legalen Kader, mä mir sinn net déi, déi Politik maachen. Déi muss een anere maachen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Zhengzhou
Aviatioun

D'Cargolux bedeelegt sech zu 25 Prozent un der chinesescher "Henan Cargo Airline". Dës nei Gesellschaft soll fréistens Enn 2018 ufänke mat fléien. D'Cargolux investéiert 55 Milliounen US-Dollar.

De Xavier Bettel op Visite a China
Bettel a China

De Xavier Bettel gëtt vum chinesesche Premier LI Kequiang empfaangen. Hien ass op offizieller Visite a China. Seng Visite kéim zu engem wichtege Moment. China géif international wichteg Roll spillen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen