D'Lëtzebuerger Ekonomie an der Covid-Kris Serge Allegrezza: D'Regierung huet misste rassuréieren
Wéi eng Wierkung kéinten déi rezent Annoncen vun de G7-Finanzminister fir multinational Firmen méi do ze besteieren, wou se aktiv sinn, net just um Siège, op déi Lëtzebuerger Ekonomie hunn? "Gutt Fro", huet den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza an der Emissioun Riicht eraus gemengt. A sengen Aen war et richteg, déck Konjunkturpäck z'annoncéieren - d'Regierung hat alles an allem eelef Milliarden ugekënnegt, mee just 1,7 Milliarden Euro goufen agesat - schonn eleng fir d'Leit ze rassuréieren, datt se net géifen eleng am Reen stoe gelooss ginn. Aner Sujeten an der Emissioun waren, wéi vill d'Lëtzebuerger Residenten an der Pandemie u Suen gespuert hunn an d'Lëtzebuerger Ekonomie un Zäregasemissiounen.
Et misst ee sech dem Statec-Direkter no d'Fro stellen, wéi vill Steieren d'Multinationalë mat Sëtz zu Lëtzebuerg solle bezuelen. Lëtzebuerg kéint engem Rapport vun der EU-Kommissioun no souguer dobäi gewannen, wann de Siège vun der jeeweileger Entreprise zu Lëtzebuerg bleift. Ob de Siège dann zu Lëtzebuerg bleift, wier déi "heikel" Fro.
Wat dem Lëtzebuerger Staat duerch esou eng Ännerung vun der Besteierung direkt u Steieren kéint duerch d'Bascht goen, ass awer net déi eenzeg Inconnue. Ee vun de viséierte Betriber vun der neier Besteierung fir d'Multis ass Amazon, déi hiren Europasiège um Kierchbierg hunn. Amazon klëmmt dëst Joer mat iwwer 3.000 Mataarbechter an der Ranglëscht vun de gréissten Employeuren am Land warscheinlech an d'Top Ten. "Dat sinn dann och Leit, déi hei Steiren bezuelen, déi hei consomméieren, déi hei liewen, dat huet vill méi en groussen Impakt, wéi nëmme Steieren", sou de Serge Allegrezza.
De Staat huet an der Kris misse Sécherheet vermëttelen
En attendant gesinn d'Staatsfinanzen awer gutt aus, dëst Joer wieren se mat engem Defizit vun 0,7 Prozent bal nees am Equiliber. D'Schold bleift ënner dem Plaffong, deen d'Regierung sech gesat hat. An dat trotz deene grousse Konjunkturpäck vun der d'Regierung vuronn eelef Milliarden Euro. Vun deenen 2,6 Milliarden Euro direkten Ausgaben, déi do dran virgesinn waren, huet d'Regierung der "just" 1,5 Milliarden débourséiert. De Serge Allegrezza huet d'Approche vun der Regierung, fir vill unzekënnegen awer verdeedegt.
"Déi Annoncen, wann déi gemaach ginn, dat ass, wat ech nennen, Mario-Draghi-Syndrom: 'Whatever it takes.' Well wann een an enger Kris ass, muss een annoncéieren, datt een hëlleft. An dann däerf et net ausgesinn, wéi wann et e klénge Päckelche wier. Do muss een den Androck hunn, datt de Staat voll hannendrun steet, datt en dernier Recours ass."
Zum Deel goufen déi grouss Annoncen awer wuel och gemaach, well et net besser wosst, wat géif gebraucht ginn. D'Zuelematerial op dat een d'Decisiounen huet misste baséieren wier "zimmlech moer" gewiescht, esou datt ee vill hätt misste schätzen.
"An ech mengen, datt et richteg war, Annoncen ze maachen, déi wierklech en Impakt haten. En Impakt schonn doduerch, datt se d'Leit rassuréiert hunn, datt se net géifen am Reen stoen gelooss ginn."
Datt net esou vill débourséiert gi wier, géif also do dru leien, datt wuel net esou vill gebraucht gi wier, esou den Serge Allegrezza. De Chômage partiel, war mat 630 Milliounen Euro, déi 2020 ausbezuelt goufen, deen héchste Posten an de Krisemesuren. Bal 90 Prozent, vun deenen, déi Chômage partiel ugefrot hätten, hätten en och accordéiert kritt, esou den Direkter vum Statec.