Gemengewahlen "Mir maachen zu Sëll keng Parteipolitik"

Déi klengste Gemeng am Land wëll och an noer Zukunft net mat enger anerer Gemeng fusionéieren. Et hätt ee wéineg finanziell Ressourcen an et wier een op staatlech Hëllef ugewisen, seet de Buergermeeschter vu Sëll, de Raoul Clausse. Zesumme mam Gemengerot Jean Konsbruck fuerdert hie méi Ënnerstëtzung vun der nationaler Politik, fir wirtschaftlech kënnen ze wuessen.

Mick Entringer / nw

Raoul Clausse, Jean Konsbruck.JPG
Raoul Clausse a Jean Konsbruck

Sëll ass mat 780 Awunner déi klengste Gemeng am Land. 2009 gouf et zu Sëll e consultative Referendum. D'Bierger haten sech mat 50,2 Prozent prinzipiell géint eng Fusioun mat enger Nopeschgemeng ausgeschwat. Den Ament wier eng Fusioun och keen Thema, esou de Sëller Buergermeeschter Raoul Clausse. Hie schléisst awer net aus, datt wann d'Bierger et wënschen, an Zukunft erëm driwwer nogeduecht gëtt.

An der Vergaangenheet, ënnert dem CSV-Inneminister Jean-Marie Halsdorf, wier den Drock fir ze fusionéiere méi grouss gewiescht. Dat wier ënnert dëser Regierung net méi de Fall.

Keng Fusioun, finanziell ofhängeg vum Staat

"Eng selbstänneg Gemeng kann hire Bierger eppes bidden", seet de Buergermeeschter. Hie weist drop hin, datt Sëll Member am Syndikat "Réidener Kanton" ass. Do kéint ee Servicer offréieren, déi souguer mëttelgrouss Gemengen net kéinten ubidden. Bei de Gemengefinanze wier een op Recettë vum Staat ugewisen, an doduerch zimlech limitéiert, esou de Gemengerot Jean Konsbruck.

Als kleng Gemeng misst een awer och eegen ekonomesch Entwécklungsméiglechkeeten hunn. Et géif ee vun der nationaler Politik gebremst ginn, kritiséiert och de Buergermeeschter Raoul Clausse. Esou hätt den Nohaltegkeetsministère engem lokale Betrib aus landesplanereschen Ursaache verbueden ze wuessen. Béide Gemengepolitiker no wier dat eng falsch Entscheedung gewiescht. Grad am ländleche Raum misste kleng Betriber eng Zukunft hunn.

D'Reform vun de Gemengefinanzen hätt e substantiellen Impakt op d'Gemeng Sëll gehat, mat 200.000 Euro manner Recetten, erkläert de Gemengeconseiller Jean Konsbruck. Den Ament kritt Sëll eng finanziell Kompensatioun, seet de Buergermeeschter. Wéi laang dat nach dauert, wéisst een awer net.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Chamber
Politesch Duebelmandater

Déi duebel Mandater vu Chamber-Deputéierten a Gemenge-Conseillere sollen ofgeschaaft ginn. Dat haten déi dräi Regierungsparteien LSAP, DP an déi gréng 2013 an hire Wahlprogrammer stoen.

Municipal And Regional Elections In Greece
Gemengewahlen

Et ass net schwéier eng Lëscht ze fëllen, soen Vertrieder vun de Parteien. Mä et wier méi schwéier eng gutt an ausgeglache Lëscht zesummenzesetzen. Den Haaptgrond dobäi wier d'Zäit.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen