arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sektoriell Tripartite d'nächst Woch

Aviatioun

|
reading time

1 min

Sektoriell Tripartite d'nächst Woch

Den nächsten Dënschden ass eng sektoriell Tripartite fir den Aviatiounssecteur, huet den Aarbechtsminister Dan Kersch annoncéiert. D'Cargolux, Luxairport an d'Luxair sinn als Betriber dobäi.

reading time

1 min

D'Luxair hätt am Comité de conjoncture eng Demande gemaach, well se net dermat eens ginn, fir maximal 25 Prozent vum Personal Chômage partiel ze ginn, esou den Dan Kersch. D'Regierung wier der Meenung, datt d'Luxair "souwisou" zur Tourismusbranche géif gehéieren an doduerch iwwer déi 25 Prozent kéint erausgoen.

Dës Propos wier vun de Gewerkschaften awer net ugeholl ginn, seet den Aarbechtsminister. D'Luxair hätt sech dunn engagéiert fir keng Licenciementer virzehuelen an de Plan de maintien dans l'emploi matzeliwweren, bis déi sektoriell Tripartite wier, "an déi soll nach virun der Vakanz sinn", esou den Dan Kersch.

Enn Mee hat de fir de Secteur zoustännege Minister François Bausch de Gewerkschaften des Tripartite fir spéitstens den Hierscht versprach. Elo soll se den nächsten Dënschdeg sinn.