arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Seefeblosen

Héieren, Léieren, Lauschteren

|
reading time

2 min

Seefeblosen

Héieren, Léieren, Lauschteren - haut fabrizéiere mer an eiser Kannersendung eng gefruere Seefeblos a gi gewuer, wisou se am Naturmusée dëser Deeg gefeiert hunn.

reading time

2 min

Wann Der schonn déi lescht Samschdeger hei eragelauschtert hat, da sidd Der bestëmmt scho gespaant op den nächsten Deel vun der Geschicht vum Pierchen an dem Wollef: déi gëtt et um Enn vun dëser Stonn ze lauschteren.

Bis dohi kréie mer eng Äntwert op dem Lisa seng Fro: wat ass dann elo sou geféierlech un WhatsApp? Ausserdeem huet de Sami mol beim Patrick Michaely nogefrot, wat dann do am Naturmusée lass war, datt déi sou gefeiert hunn déi lescht Woch.

Haut ass dann och de Weltdag vum Radio, do freeë mir eis hei natierlech extra driwwer, an et geet e ganz gutt Argument, wisou ee sech kann iwwer déi wierklech grouss Keelt dobausse freeën - de Joseph Rodesch, alias Mr. science war nämlech mat sengem Seefeblosen-Dëppchen ënnerwee, an erkläert eis zesumme mam Jean-Claude, wat ee bäi där - entschëllegt den Ausdrock - Schwéngskeelt - kann domat maachen.

An apropos Wierder, déi ee soll, kann, dierf, oder wëll benotzen: där hu mer vill schéiner, zum Deel vergiessener an der Lëtzebuerger Sprooch, an doriwwer gëtt et elo e lëschteg Buch, dat heescht "Alert, jauwen, Zockerboun". Heira fanne mer souzesoe Pärele vun der Lëtzebuerger Sprooch, an och wat se dann heeschen.

Dir mierkt, hei gëtt een eppes gewuer, dofir: gutt Héieren, léieren a lauschteren!