Gesondheet "Sécher net déi éischt, déi eng Covid-Impfung brauchen"

War et richteg, datt dräi Membere vum Verwaltungsrot vum Spidolsgrupp HRS sech schonn am Januar géint de Coronavirus impfe gelooss hunn, obwuel déi éischt Impfphas fir d'Personal geduecht war, dat a Kontakt mat Patienten ass? Iwwer déi Fro ass déi lescht Deeg vill diskutéiert ginn, nodeems mir de Fall public gemaach haten. Et ass bis elo en isoléierte Fall, aus deem ee Léiere kann zéien, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

Jean-Claude Franck / cz

Kommentar Jean-Claude Franck

Fir t'alleréischt: Membere vum Verwaltungsrot vun engem Spidol si seelen a Kontakt mat Patienten, a si sécher net déi éischt, déi eng Covid-Impfung brauchen. Och wann et just dräi Impfunge sinn: Et ass onfair an e Manktem u Respekt par Rapport zu deenen, déi d'Critèrë fir déi éischt Phase kloer erfëllt hunn, an déi net direkt un d'Rei komm si well den Impfstoff nëmme lues zu Lëtzebuerg ukomm ass.

Zweetens: Souguer, wann een d'Situatioun falsch ageschat huet, vläicht dovu profitéiert huet sech selwer e klenge Virdeel ze verschafen, sech der Perceptioun vun de Leit net bewosst war, kann een dat och einfach zouginn. E séiere Mea Culpa hätt de Responsabele vum Spidolsgrupp gutt gedoen: Et hätt finalement och e gréisseren Imageschued fir d'Haus evitéiert.

D'Argumenter vum Groupe HRS halen d'Strooss net

D'Reaktioun vum Groupe HRS war eng aner: Et gouf zwar confirméiert, datt d'Presidence sech fréi huet impfe loossen, mee et goufe genuch Argumenter gesicht fir et no baussen ze verdeedegen.

D'Santé wier ze spéit mat de Recommandatioune komm, war en éischte Reproche. Wéi mer haut wëssen, a wéi eis Sourcen et och nach ëmmer trotz Dementi vum Generaldirekter soen, gouf et eng mëndlech Kommunikatioun iwwer d'Fro, wien an de Spideeler ënner déi éischt Phas fält, an et gouf och eng Konventioun, an dofir ass et net plausibel d'Schold op déi spéit Recommandatiounen ze drécken. Wann ee gär Recommandatioune gehat hätt, hätt een déi jo ofgewaart.

E Mea Culpa wier besser opgeholl ginn

E weidere Reproche: Et hätt ee sech eben e Business Continuity Plang ginn, a wann aner Spideeler dat net gemaach hätte, wier dat hire Problem, sot de Generaldirekter Claude Schummer géigeniwwer RTL. Eng onglécklech Ausso, well grad déi aner Spideeler jo d'Sensibilitéit haten, hir Conseilsmemberen net prioritär impfen ze loossen.

Datt verschidden Datume genannt goufen, dann op eis Nofro hi keng weider Stellungname méi vum Spriecher vum Groupe HRS ze kréie war, um Enn dann awer de Generaldirekter op engem anere Sender probéiert huet d'Informatiounen ze dementéieren, dréit just zu deem Bild bäi vun engem Kand, dat mat der Hand an der Biscuitskëscht erwëscht ginn ass.

Wéi gesot: Et kann een och einfach soen, datt een eng Situatioun falsch ageschat huet an datt et engem Leed deet. Dat wier mat Sécherheet besser opgeholl ginn.

An der Mediathéik:

Chronik / / Jean-Claude Franck
Lauschteren

Méi zum Thema

Impfen
GROUP HRS

Vill Deputéiert gesinn d'Affär ronderëm déi fréizäiteg Impfunge vun der Verwaltungsrotspëtzt vun den Hôpitaux Robert Schuman kritesch. Si selwer hätte sech net impfe gelooss wann et net un hirem Tour gewiescht wier.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen