Stëmm vun der Strooss "Sech virun der Keelt schützen ass e groussen Defi"
D'Pandemie mécht den Accueil vu Sans-Abrise méi schwéier. Vill Hëllefsstrukturen hunn hir Kapazitéiten daagsiwwer mussen erofschrauwen. Nuets géif et u Plaze feelen, seet d'Stëmm vun der Strooss.
D'Noemie Maerz schafft am Accueil bei der Stëmm vun der Strooss. No der kaler Nuecht gëscht seet si, datt d'Leit sech op d'Keelt preparéiert andeems se bei hinne Kleeder wéi Mutzen, Schal oder eng Jackett sichen.
Kapazitéiten si reduzéiert
Sech virun der Keelt schützen ass e groussen Defi, seet d'Educatrice graduée. De Problem ass, datt et iwwerdaachs zäitlech Limitte géife ginn: d'Leit géife vun enger Struktur bei déi aner goen, fir jeeweils 15 oder 30 Minutte waarm kënnen ze bleiwen.
Dat wier eng Konsequenz vun der sanitärer Kris, vill Strukturen hu missen d'Zuel vun de Clientë reduzéieren, och d' Stemm vun der Strooss.
Nuets gëtt et en anere Problem. D'Wanteraktioun um Findel leeft zwar, mee si huet eng grouss Capacitéit vun 250 Better. Datt schreckt vill Leit of:
"Wëll ech dat, mat sou ville Leit op enkem Raum ënnerkommen? Oder refuséieren ech dat an ech kucken op eege Fauscht eppes ze fannen, e Squatt, en elengstoend Haus, eng Garage, iergendwou, wou et waarm ass?"
En anert Ëmfeld schaffen
Et misst een d'Strukturen dezentraliséieren, a verschidde Lokalitéiten, sou datt d'Leit a méi engem familiären Ëmfeld kënnen ënnerkommen, mengt d'Noemie Maerz.
De Risk vu gesondheetlech Komplikatioune bis hin zum Dout bei enger längerer Expositioun an der Keelt, ass rar, mee reell.
Wat kann een an esou Fäll maachen? D'Noemie Maerz seet, dat ee jee no Situatioun den Dialog mat der concernéierter Persoun siche kann. Do kéint een nofroen, firwat d'Leit net a Strukture ginn, wou se kéinten Hëllef kréien an op aner Street Work Servicer hiweisen.
D'Ëffentlechkeet sollt net ewechzekucken, sou nach d'Educatrice vun der Stëmm vun der Strooss.