arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwéier Wiederen: Iwwer 900 Appeller an 300 Interventiounen

CGDIS

|
reading time

1 min

Schwéier Wiederen: Iwwer 900 Appeller an 300 Interventiounen

Plazeweis sinn bei eis gëschter am spéiden Nomëtteg schwéier Wiederen mat ganz vill Reen erofgaangen. Tëschent 17 Auer an 20h15 gouf den 112 918 mol ugeruff, dat deelt den CGDIS mat.

reading time

1 min

Well d'Telefonszentral een Ament debordéiert war, koum Hëllef, vun 11 Fräiwëllegen an professionellen Observateuren.

Am schlëmmsten war d'Situatioun zu Déifferdeng, mat 110 Interventiounen, an der Stad Lëtzebuerg waren et der 101, zu Monnerech 54 an zu Péiteng nach 49.

play_arrow De Steve Mack vum CGDIS mam Bilan vu gëschter