Corona-Pandemie "Schwaach positiv"-Resultater bei den Tester

Ënner de Lëtzebuerger Laboratoirë gëtt et keng harmoniséiert Approche fir d'Resultater vu Corona-Tester. Verschidde Laboe liwweren d'Resultater op verschidde Manéieren: esou ginn et Laboratoiren, bei deenen e Covid-19-PCR-Test e "schwaach positiivt" Resultat uweist. Et gi bis ewell keng Recommandatioune wéi déi verschidde Resultater ze interpretéiere sinn.

Maxi Pesch / cbi

Positive Corona-Test
Ee positive Corona-Test, Symbolbild. Foto: Bigstock / RECSTOCKFOOTAGE

BioneXt ass den Ament deen eenzege Labo hei am Land, bei deem e Resultat vun engem PCR-Test ka "schwaach positiv" sinn. Den Dr. Frédéric Klein, Biologist bei BioneXt, erkläert, datt esou ee Resultat bedeit, datt wéineg Virus an de Prelevementer fonnt ginn ass.

Dëst kéint a verschiddene Situatioune virkommen, beispillsweis am Ufank vun enger Infektioun, wann een eng kleng Quantitéit vum Virus am Kierper huet, oder awer zum Schluss vun enger Infektioun.

Wat bedeit "schwaach positiv"?

Mee souguer zum Schluss vun enger Infektioun kéinten d'Patienten nach ustiechend sinn, esou den Dr. Frédéric Klein. Deemno wier esou e spezifescht Resultat och eigentlech net fir de Patient geduecht, mee fir déi Professionell.

"Et ass d'Inspection Sanitaire oder den Dokter, deen dann d'Decisioun hëlt fir ze kucken, ob de Patient nach ustiechend ass oder net, net de Patient selwer."

An deem Fall kéint e "schwaacht positiivt" Resultat zum Beispill dozou bäidroen den Isolement éischter opzehiewen, esou de Frédéric Klein.

Fir ze wësse wéini e Resultat schwaach positiv ass, a wéi et soll interpretéiert ginn, baséiert sech de Laboratoire BioneXt op Recommandatiounen aus Frankräich.

Harmoniséierung a Recommandatiounen erwënscht

Zu Lëtzebuerg géifen et nach keng esou Recommandatioune vun der Santé doriwwer ginn, wéi esou Resultater sollen interpretéiert ginn. Et géif doduerch och keng harmoniséiert Approche tëschent de Laboe ginn, bedauert den Direkter vu Laboratoires Reunis, den Dr. Bernard Weber.

"Et kéint een eventuell doriwwer diskutéieren, ob een esou e Schwellewäert aféiert, vun deem un ee seet, et ass schwaach positiv. Dat kéint Sënn maachen. Mee dat misst een nach eemol mat der Santé a mat den Acteuren diskutéieren."

Soulaang et keng kloer Recommandatioune gëtt, géif Laboratoires Reunis keng Corona-PCR-Resultater mat enger Notioun "schwaach positiv" erausginn.

Och Ketter Thill mécht dat den Ament net. D'Laboen hätte scho virun e puer Méint eng Reunioun mat der Santé gehat fir iwwer eng Harmoniséierung bei der Interpretatioun vun de Resultater ze diskutéieren. Deemools wier awer keng Decisioun geholl ginn, esou d'Direktere vun de Laboen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7 Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Corona-Test
Covid-Tester

Covid-Schnelltester kënnen nëmmen ënner gewësse Konditioune vu Virdeel sinn, warnen d'Experten. D'Santé denkt iwwer méiglech Krittären no. Mee och da missten den Experten no d'Tester virsiichteg agesat ginn.

Senioren
Gesondheets- a Fleegesecteur

Zanter enger Woch sinn an den Alters- a Fleegeheem nees spezifesch Medikamenter autoriséiert fir Covid19 oder suspekt Covid19 Patienten déi ganz staark ënnertder Krankheet leiden an den Haiser ze behandelen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen