Klimaschutz Schüler diskutéiere mat Politiker

"Mir hoffen, datt mir net fir näischt komm sinn an datt d'Politik eis eescht hëlt." Esou d'Reaktioun vun enger Partie Schüler nom éischte vun enger Rei Echange mat der Regierung. No de Youth-for-Climate Protester am Mäerz, hunn den Educatiounsminister Claude Meisch, d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Agrarminister Romain Schneider eng Réi Treffe mat Schüler organiséiert, fir iwwer de Klimaschutz ze schwätzen. Zesumme mat der Conférence Nationale des Elèves du Luxembourg, kuerz CNEL, gouf e Mëttwoch déi éischt esou Ronn am Forum Geesseknäppchen organiséiert.

Stephan Polet / cbi

Schüler diskutéiere mat Politiker
Schüler konnte mam Edukatiounsminister Claude Meisch diskutéieren. Foto: Ministère de l'Education

D'Schüler déi e Mëttwoch op de Campus Geesseknäppche komm sinn, konnten a Workshoppen hir Froe stellen an Iddien erabréngen, erkläert de Kimon Leners, President vun der CNEL.

D'Workshoppe waren an dräi Themekomplexer agedeelt: Een, dee sech mat der Schoul ausernee setzt, een iwwer d'Doheem an en drëtte Workshop setzt sech mam Konsumverhalen an der Produktioun auserneen.

Et goung de Schüler dobäi ëm hir Zukunft an eventuell déi vun hire Kanner, et wéilt een "näischt Schlechtes" hannerloossen. Kloer ass: Et muss eppes geännert ginn.

Jiddweree soll matmaachen

E Mëttwoch war dat éischt an enger Réi vu fënnef Treffen uechter d'Land. D'Iddien, déi hei zesumme kommen, sollen dann an de nationale Energie- a Klimaplang afléissen.

Dem Educatiounsminister Claude Meisch war et wichteg, datt jiddwereen d'Chance hat matzemaachen. "Dofir hu mir och Online en Diskussiounsforum ageriicht, wou ee seng Propose kann erareechen."

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg weist sech ganz impressionnéiert vum Wësse vun de Schüler, a "wéi vill Gedanke si sech gemaacht hunn". Ähnlech huet och de Landwirtschaftsminister Romain Schneider geäussert: et géif elo drëm goen d'Iddien eraus ze kristalliséieren an ze kucken, wéi een an der Politik dorop misst reagéieren.

"Net just iwwer Saache schwätzen"

Déi meescht Schüler hu sech nom Austausch positiv gewisen. Et hätt ee sech inspiréiert gefillt. Begréisst gouf, datt jiddweree seng Iddie konnt erabréngen, an der Hoffnung, datt een och eescht geholl gëtt.

Um Enn goufen et awer och méi kritesch Stëmmen: sou géif een dacks iwwer déi selwecht Theme schwätzen, mee et misst sech direkt eppes änneren an et misst een net just iwwer Saache schwätzen.

Et ginn nach aner Treffen tëscht Schüler a Politiker organiséiert, ënner anerem zu Dikrech, an der Stad, zu Gréiwemaacher an zu Diddeleng.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Friday For Future
Klimaschutz

Tëschent 7.000 a 15.000 Schülerinnen a Schüler hunn an der Stad beim "globale Streik fir de Klima" matgemaach. A villen anere Stied uechter d'Welt hu Jonker haut fir de Klimaschutz manifestéiert.

D'Greta Thunberg
EU-Klimapolitik

Dee 7. Donneschdeg hannerenee marschéieren Dausende vu Schüler zu Bréissel fir géint de Klimawandel ze demonstréieren. Dierf een d'Schoul schwänze fir géint de Klimawandel ze demonstréieren?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen