arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoulen, Crèchen a Commercë ginn op, Horesca bleift zou

Adaptatiounen um Covid-Gesetz

|
reading time

3 min

Schoulen, Crèchen a Commercë ginn op, Horesca bleift zou

Ënner anerem ginn d'Schoulen an d'Crèchen den 11. Januar nees op, de Couvre-feu gëtt vun 21 op 23 Auer geréckelt an d'Restriktiounen am Sport an am Kultursecteur gi gelackert. D'Horesca bleift bis den 31. Januar zou. Dës Ännerungen, déi den 100,7 gëschter gemellt hat, hunn de Premier an d'Gesondheetsministerin den Dënschdeg virun der Press confirméiert.

reading time

3 min

D'Spidolszuelen hätte sech an de leschten Deeg an déi richteg Richtung beweegt, genee wéi d'Zuel vun den Neiinfektiounen, esou de Premierminister. Gläichzäiteg géifen d'Zuele vu Leit mat psychesche Problemer an d'Luucht goen, esou de Xavier Bettel, ouni Zuelen ze nennen.

Wann ee sech déi wichteg Kennzuele géif ukucken, géif ee feststellen, datt net all d'Mesuren an dësem Moment kéinten zeréckgeholl ginn, esou de Premierminister Xavier Bettel.

De Premierminister annoncéiert awer dës Ännerungen un den Anti-Covid-Mesuren:

  • D'Schoulen an d'Crèchë si vun der nächster Woch (11. Januar) un erëm op
  • D'Schoul fonctionéiert vun der nächster Woch un erëm mat Presenzunterrecht
  • D'Commercen dierfe vum 11. Januar un och nees hir Dieren opmaachen. Maximal eng Persoun pro zéng Quadratmeter soll erlaabt sinn
  • Et dierf ee weider maximal zwou Persounen aus engem Stot bei sech heem invitéieren
  • Bei Rassemblementer vu méi wéi véier Persoune gëllt weider d'Maskeflicht
  • Den Horesca-Secteur bleift bis den 31. Januar zou
  • De Couvre-feu gëtt vun 21 Auer op 23 Auer geréckelt
  • Den Alkoholverbuet op der Place publique bleift bestoen
  • Am Sport sollen nei Reegele gëllen, déi de Sportminister am Laf vun der Woch op enger Pressekonferenz virstelle soll

Déi entspriechend Gesetzestexter géifen Enn vun dëser Woch am Parlament gestëmmt ginn, esou de Xavier Bettel.

Paulette Lenert: "Nach net an enger Zone de confort"

De Januar wäert e kritesche Mount bleiwen, esou d'Gesondheetsministerin. D'Mesuren, déi een en Place gesat hätt, hätten awer hir Wierksamkeet däitlech gewisen, et wier een awer nach net an enger "Zone de confort", esou d'Paulette Lenert.

D'Infektiounszuele wieren awer weider héich an de Risiko géif bestoen, datt d'Zuel vun den Neiinfektiounen an der nächster Zäit nees séier géif an d'Luucht goen, esou d'Paulette Lenert. Et wéilt een trotzdeem verschidden Aktivitéiten nees erméiglechen, verteidegt d'Gesondheetsministerin déi annoncéiert Lockerunge vun de Mesuren.

Positiv ze bewäerte wier awer, datt een an de Spideeler vun der Phas 4 an d'Phas 3 hätt kéinten zeréckgoen. D'Gesondheetsministerin rechent och domat, datt een deemnächst eventuell esouguer an d'Phas 2 kéint zeréckschalten.

"Dat heiten ass fir mech kee Pak vun Oplockerungen", äntwert d'Gesondheetsministerin op d'Fro, ob si net op hir intern Experte géif lauschteren. En interne Rapport vum Gesondheetsministère huet vun esou Oplockerungen ofgeroden a souguer zu méi strenge Mesurë geroden.

Um 16 Auer kënnt d'Chamber-Santés-Kommissioun zesummen, duerno analyséiert de Staatsrot de proposéierte Gesetzestext. D'Chamber kéint dann Enn der Woch beienee kommen, fir d'Ännerungen un de Covid-Gesetzer ze stëmmen.