Stad Lëtzebuerg Kierchbierg: Schoul am Container
Um Kierchbierg si vill Schüler a Containeren. Ee vun de Problemer ass, datt déi lescht Jore vill gebaut gouf, an datt Schoulinfrastrukturen net no komm sinn. D'Elterevereenegung stellt sech Froen iwwer d'Zukunft vun de Schüler. Kloer Äntwerte ginn et bis ewell nach keng.
Mat senge ronn 430 Schüler an 28 Klassen ass de Quartier Kierchbierg um Kiem, dee Quartier an der Stad mat de meeschte Schüler.
Zanter 2016 an de Containeren
Bis ewell gëtt et hei allerdéngs just eng Primärschoul an zënter knapp véier Joer gëtt e groussen Deel vum Cours um Kiem a Container ofgehalen, erkläert de Vladimir Volkov vun der zoustänneger Elterevereenegung. Eng Fro wier, wéi laang dës Interimsléisung géif bestoe bleiwen.
![]()
Eng aner Fro wier d'Klimatiséierung vun der Reim. Wann d'Temperaturen dobaussen iwwer 36 Grad leien, wieren et och am Container 36 Grad, esou de Vladimir Volkov. Et hätt ee Léisungusäz mat der Stad Lëtzebuerg diskutéiert an et géif een hoffen, dee Probleem virum Summer ze léisen.
![]()
Doriwwer eraus wier och déi grouss Waardelëscht fir eng Plaz am Foyer scolaire ee Probleem. Den Ament géifen 42 Schüler op eng Plaz waarden.
Fir dëst Joer kéint d'Stad deene Kanner och keng Plaz méi garantéiere bedauert d'DP-Schäffe Colette Mart.
Ausbau vun der Schoul léisst op sech waarden
Déi aktuell Container géifen duer goe fir alleguer d'Schüler, déi an déi obligatoresch Primärschoul mussen, opzehuelen ouni d'Klassen ze iwwerfëllen, seet d'Politikerin. Dat op d'mannst bis den Ausbau vum Haaptgebai an dräi bis véier Joer fäerdeg ass. E Projet, deen 2019 am Gemengerot gestëmmt gouf an nach ëmmer net ugefaangen huet.
![]()
D'Schold fir de Retard beim Ausbau vun der Schoul géing awer net bei der Gemeng Lëtzebuerg leien, seet d'Colette Mart: nieft der Pandemie missten och nach verschidden national Verwaltungen hiren Accord ginn.
D'Stad wier awer am Ufank vun de ville Bauprojeten um Kierchbierg iwwerrannt ginn, gëtt d'Politikerin zou. Wéinst de ville Bauprojeten hätt ee schonn 2012 eng Demande fir eng nei Schoul agereecht. 2016 wier dunn ee Recalcul gemaach ginn an et hätt een de Projet en cours de route mussen un déi rapid Entwécklung um Kierchbierg upassen.
Net all Kand kann an en ëffentleche Foyer
Zanterdeem stinn d'Containeren op der Plaz. Fir de Guy Foetz, Gemengeconseiller vun déi Lénk hätt d'Stad vun Ufank u besser misste plangen, wat an de verschiddene Quartiere geschitt.
An der Stad gi ronn 50 Prozent vun de Kanner a Privatschoulen. Datt Leit hir Kanner net kéinten an ëffentlech Foyere placéiere wier "déi däischter Säit vum Wuesstem". De Guy Foetz kritiséiert, datt alles ze vill laang lafe gelooss gi wier: elo wier et schwéier aus "dem ganze Schlamassel" erauszekommen.
![]()
Wéi d'Stad do géigesteiert, ass och d'Fro déi sech d'Elterevereenegung stellt.
Wäerten d'Kanner an den nächsten zéng Joer an iwwerfëllte Klasse setzen oder net? Wéini ginn et nees genuch Plazen an de Foyer scolairen?
Op d'Fro, wéi d'Populatioun um Kierchbierg evoluéiert an ob déi geplangte Schoulinfrastrukturen och fir déi nächst fënnef bis zéng Joren duer ginn, seet d'Colette Maart, et wier schwiereg dat anzeschätzen.