arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schottland nom Brexit

Chronik

|
reading time

3 min

Schottland nom Brexit

Dëse Freideg, um 11 Auer owes Lokalzäit, verléisst Schottland d'EU, zesumme mam Rescht vu Groussbritannien an Nordirland. Dat "géint de Wëlle vum Schottesche Vollek", sou d'Wierder vun der schottescher Regierungscheffin Nicola Sturgeon. Schottland hat 2016 mat enger Majoritéit vun 62 Prozent géint de Brexit gestëmmt. Et ass also keen Zoufall, datt déi schottesch Regierung um Dag vum Brexit hir Pläng fir en zweeten Onofhängegkeetsreferendum ukënnege wëllt.

reading time

3 min

Symbolik gehéiert bei der Brexit Saga eben dozou. D'Klacke vum Big Ben sollen de Freideg wannechgelift lauden, och wann nëmmen digital duerch Haut-parleuren. An e besseren Dag konnt déi schottesch Nationalpartei (SNP) net fannen, fir d'Pläng vum neien Onofhängegkeetsreferendum ze presentéieren. Dee soll wa méiglech nach virun Enn des Joers kommen.

Anescht wéi nach 2014 ass d'Onofhängegkeetsfro dës Kéier ontrennbar un d'Memberschaft an der EU gekoppelt. Fir datt och jiddwereen dat gesäit, hänkt den europäesche Fändel dëse Weekend vun de schottesche Regierungsgebaier an der Haaptstad Edinburgh. Kontra Protokoll.

Keng Ënnerstëtzung vu brittescher Regierung

A wéi och viru Kuerzem d'Assembléeën a Wales an Nordirland, hat d'Schottesch Parlament den Accord vum Boris Johnson mat der EU ofgeleent.

Dat selwecht Parlament stëmmt am Fong haut schonn iwwer en zweeten Onofhängegkeetsreferendum of, ouni déi konkret Pläng vun der Regierung ze kennen. Dëse Vott ass net vill méi wéi eng Formalitéit; déi Gréng hëllefen der Schottescher National Partei do iwwer d'Linn, an och e puer sozial-demokratesch Rebelle wäerte fir de sougenannten Indyref stëmmen.

Op de Seege vun der brittescher Regierung brauch d'SNP sech awer net ze verloossen. Eng éischt offiziell Ufro gouf Ufank vum Mount ofgeleent, an de Boris Johnson huet kee Gronn nozeginn. E Referendum géif nëmme méi Stagnatioun a Schottland bréngen, sou de brittesche Premier.

Ënner der SNP huet sech net vill verännert

Och wann d'SNP hire Succès an den Nationalwalen am Dezember als Mandat hëlt, weisen d'Ëmfroen hei weder eng Majoritéit fir en neie Referendum nach fir Onofhängegkeet. Wirtschaftlech huet sech a Schottland ënner der SNP net vill verbessert - d'Partei ass zanter 2011 un der Muecht. D'Gefill besteet, datt d'SNP d'Onofhängegkeetsfro benotzt fir aner Problemer ënner den Teppech ze kieren. A mat 55 zu 45 Prozent géint Independance war et 2014 mol net immens knapp.

Trotzdeem gëtt an der Partei scho vun engem "consultative Referendum" wéi a Katalounie geschwat, am Fall wou déi brittesch Regierung sech weider op stuer stellt. Bis elo gesäit et zwar nach net esou aus, wéi wann d'Nicola Sturgeon op déi Taktik zeréckgräife géif.

E Méindeg hat d'Regierungscheffin en neien Immigratiounssystem nëmme fir Schottland ugeschwat. D'Land bréicht méi Awanderer fir de Gebuerteréckgang ze konteren an den Impakt vum Brexit ze minimiséieren. Déi brittesch Inneministerin hat de Virschlag séier ausgeschloss.

Méi Dezentraliséierung?

Fir munch Politiker ass awer ebe grad méi Dezentraliséierung d'Äntwert op déi schottesch Fro. De Keir Starmer, Top-Kandidat fir d'Leaderroll an der sozial-demokratescher Labour Partei, sot e federale System mat méi regionaliséierte Pouvoire wier de beschte Wee, d'Vertraue vun de Wieler zeréckzegewannen.

Keng Chance also fir deen, dee gemengt hat, mat der Sortie aus der EU e Freideg wieren déi konstitutionell Streidereie wéinstens virleefeg gekläert. 2020 kéint sech hei a Schottland vill beweegen.