arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schnelltester: Santé an Horeca schaffen u Léisung

Ouverturen vum 16. Mee un

|
reading time

2 min

Schnelltester: Santé an Horeca schaffen u Léisung

All Client vu méi wéi sechs Joer, dee vum 16. Mee un an engem Café oder Restaurant wëllt consomméieren, brauch een negative Corona-Test: dat kann een negative PCR-Test vu manner wéi 72 Stonne sinn, e zertifiéierte Schnelltest vu manner wéi 24 Stonnen oder awer een Auto-Test, deen op der Platz gemaach gëtt.

reading time

2 min

Esou gesinn et déi geplangten Upassungen um Covid-Gesetz vir, déi den iwwernächste Sonndeg, 16. Mee sollen a Kraaft trieden.

Wéi d'Auto-Tester solle gemaach ginn, géif de Moment nach ënner anerem mat der Horesca diskutéiert ginn, esou de Premier Xavier Bettel de Mëtteg um Bord vum informellen EU-Sommet zu Porto.

"Do ginn et Iddie fir et baussen ze maachen, et ginn awer och Iddie fir datt d'Leit banne kommen an do et bausse maachen. Ech weess awer och, datt Diskussioune lafen zum Beispill mat Gemengen, déi am gaange sinn ze kucke wéi een dat dote kéint organiséieren. Dofir ass et jo gutt, datt den Text nach net gestëmmt ass an deen ass jo fir den nächste Freideg, dat heescht déi nächst Stonnen an Deeg wäerten och benotzt gi fir do e Prozedere ze hunn, deen am einfachsten ass. D'Iddi ass, datt een am Fong, wann een an de Restaurant geet, d'Securitéit huet, datt do kee positiv ass."

D'Faisabilitéit vun den Tester gouf haut och an den zoustännege Chamberkommissiounen diskutéiert: de Santés-Direkter Jean-Claude Schmit huet do erkläert, datt hien a Kontakt mam HORECA-Secteur wier, fir de Procedé auszeschaffen, wéi d'Tester op der Plaz kënne gemaach ginn. Eng vun de Froen, déi d'Deputéierten opgeworf hunn, ass déi vun der Surveillance vun den Auto-Tester.

Wat d'Schnelltester ugeet, sou sollen dës vun engem "professionel de santé" zertifiéiert ginn, also zum Beispill vun engem Apdikter oder Dokter. Den Delai vu 24 Stonne fir dës Zort vun Tester kéint nach changéieren, heescht et um Internet-Site vun der Chamber.