Educatioun Schnelltester an de Schoulen: "Iwwer 80 Prozent maache mat"

D'lescht Woch goufen 63 Corona-Infektiounen an de Schoulen duerch Schnelltester entdeckt, sou den Educatiounsminister Claude Meisch am 100komma7-Interview. Dat wier eng däitlech méi eng héich Participatioun, wéi de Participatiounstaux vu ronn 50 Prozent virdrun am Large Scale Testing.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Claude Meisch
Foto: Archiv

Zënter kuerzem kréien déi ronn 100 Dausend Schüler hei am Land ee Schnelltest pro Woch zur Verfügung gestallt fir sech selwer ze testen. An doduerch géifen zousätzlech Infektiounen an de Schoule fonnt ginn.

"Déi kommen bei déi aner dobäi. Mir hoffen natierlech, datt mer doduerch och Infektiounsketten, oder d'Verbreedung vum Virus nach eng Kéier méi fréi kenne stoppen. Mee statistesch gesi wäerten déi Fäll comptabiliséiert ginn, an do kann den Taux natierlech dann och fir d'Schoulen erop goen."

De Claude Meisch seet 80 bis 90 Prozent vun de Schüler, géifen d'Schnelltester, déi se kréien och benotzen. An dat wier däitlech méi eng héich Participatioun, wéi de Participatiounstaux vu ronn 50 Prozent virdrun am Large Scale Testing.

Deemnächst sollen d'Schüler iwwregens net méi just een, mee zwee Schnelltester pro Woch kréien.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Educatioun

Den Educatiounsminister Claude Meisch informéiert d'Press iwwer zousätzlech Deconfinementsmesuren am Beräich vun der Educatioun. Suivéiert d'Pressekonferenz live am Video.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen