D'Schüler aus dem Centre pour le Développement moteur zu Stroossen presentéiere verschidde physesch oder motoresch Beanträchtegungen, a géingen zu deene vulnerabelste Gruppe vu Kanner gehéieren, seet hiren Direkter, de Germain Back.
![]()
Déi meescht Schüler droe keng Mask a kommunizéiere vill iwwer kierperleche Kontakt mam Personal, sief et fir Therapien oder Soinen: dofir wieren d'Schnelltester e Moyen fir de Schouloflaf sou gutt wéi méiglech bäizehalen.
De Kanner Sécherheet ginn
Zu Stroossen gi 75 Kanner duerch en interdisziplinäert Team vun ëm déi 100 Leit encadréiert: Therapeuten, Pedagogen, Infirmieren. Infektiounsclusteren hätten et bis elo keng ginn, seet den Direkter Germain Back. D'Schnelltester géifen elo eng weider Sécherheet bidden, fir Infektiounskette vun Ufank un ze ënnerbriechen an déi méiglecherweis positiv geteste Kanner oder Personal ze isoléieren.
![]()
Fir d'Schnelltester duerchzeféiere goufen d'Infirmieren aus der Ekipp forméiert. Zwar wieren se duerch d'Visière, FFP2-Masken a bloe Schiertech net einfach ze erkenne fir d'Kanner, mee hir Stëmme wiere bekannt. D'Infirmieren am Zentrum versiche wärend de Schnelltester eng roueg Atmosphär hierzestellen, duerch roueg Mouvementer oder duerch Hand halen. Fir den Diogo, Schüler vun 13 Joer, war de Schnelltest duerch d'Nues net immens agreabel, wéi en senger Betréierin Pia erzielt.
Tester si keng Obligatioun
D'Schüler gi vun enger Bezuchspersoun begleet, déi hinnen d'Demarchen erkläert. An engem Fall lauschtert eng Schülerin Musek um Handy fir sech ze berouegen. De Germain Back seet:
"Et ass ëmmer eng Situatioun, déi stresseg ass, dat ass dat mannst wat ee ka soen - fir e Kand, fir Erwuessener, dat wësse mir alleguerten. Duerch den Alldag an eng Professionalitéit, déi am Haus entstanen ass, kann een dat op eng Aart a Weis nobréngen, datt et fir d'Kand vivabel an net ze vill traumatiséierend gëtt."
![]()
Wann de Schnelltest positiv ass gëtt de Schüler heemgeschéckt, an d'Santé gëtt kontaktéiert fir e weideren Test ze maachen. D'Eltere vun de Schüler mussen am Viraus hiert Averständnis gi fir d'Tester ze maachen, och fir d'Personal géing keng Obligatioun bestoen, d'Offer unzehuelen, esou nach de Germain Back.