Chronik Schéissereien ouni Enn an den USA

A Florida koum et zu enger Schéisserei bei där zwee Leit em d'Liewe koumen. Fir Opreegung huet dës Noriicht an den USA net gesuergt: et war eng vun enger Rei esou Schéissereien an deene leschte Méint.

Philip Crowther (Washington) / tt

Den éischten Dag vum Joe Biden als President vun den USA
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos

Wéi eng war déi lescht grouss Schéisserei an den USA? War et Boulder, am Colorado oder nee, déi lescht Woch zu San José, a Kalifornien. Wee weess, si gläichen sech dach all, eng genee esou grujeleg an tragesch wei déi aner. Eng Routine awer och, all Woch, all Weekend. Dëse Memorial Day-Weekend an den USA ass dräi Deeg laang an d'Wieder ass gutt, also méi Leit dobaussen, méi Chancen op eng Schéisserei iergendwou an Amerika. Et bleift just ofzewaarde wou.

Net all Dot kënnt an d'national Aktualitéit

E Sonnden de Moie war Florida un der Rei, déi Kéier keen Amoklaf wéi lescht Woch a Kalifornien, a kee Selbstmord vum Amokleefer. Nee, dës Kéier koum et zu enger kloer geplangter Dot mat engem Motiv, hëlt een un, well déi dräi, jo, dräi, Männer, esou d'Police, konnte flüchten, nodeems si op d'Leit virun engem Concert-Sall geschoss haten. Si hunn hallef-automatesch Gewierer a Pistoule benotzt an hate Cagoullen op.

Et war eng besonnesch bluddeg Schéisserei, mat iwwer 20 Verletzter.

Mee just zwee Doudeger. Dat kënnt dee Moment net an d'Titele vun der nationaler Aktualitéit. Fir esou eppes misst et wuel op d'mannst 8 oder 9 Doudeger ginn. Wéi lescht Woch an der kalifornescher Stad San José wou e Mann 9 anerer erschoss hat. Mee och vun där Schéisserei wëssen déi meescht Amerikaner näischt.

Business as usual

Dat geet alles ganz séier. D'Zuel vun den Doudege gëtt annoncéiert. D'Politiker, op d'mannst déi op der republikanescher Säit ruffen op fir fir d'Familljen ze bieden. D'Demokrate soen, datt et zu méi strenge Waffegesetzer komme soll, och wa si selwer wëssen dat et zu kenge groussen Ännerunge komme wäert. Och net mat der Biden-Regierung, déi zwar no all Masse-Schéisserei annoncéiert, datt d'USA offiziell trauere mee sech soss net wëll zu deem Theema zu Wuert mellen. Op d'mannst ginn dës Evenementer net méi ignoréiert, wei dat dacks mat der leschter Regierung de Fall war.

Mam Retour an en hallef normaalt Liewen an den USA fënnt een de Wee zeréck an déi al Routinnen. Et geet een nees an de Restaurant. D'Kinoe sinn nees op. et gesäit een nees seng Frënn a seng Famill. A Leit ginn ëmbruecht, all puer Deeg, a Masse-Schéissereien. E ganz normale Weekend an Amerika.

An der Mediathéik:

Chronik / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Impfung a Florida Chronik
Impfcampagne

An den USA krute 44 Prozent vun der Bevëlkerung op d'mannst eng Dosis vum Covid-19-Vaccin. Eng séier Impfcampagne bréngt ee méi séiere Retour an eng Zort Realitéit. Elo geet et drëms, de Rescht vum Land ze iwwerzeegen.

Den US-President Joe Bidem
No Schéissereien

Et kënnt zu neie Waffereformen an den USA. D'Changementer sinn awer minimal, grouss Reforme sinn et keng, a keng nei Gesetzer goufen no rezente Masseschéissereie gestëmmt.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen