EU-Sommet Nach kee Quotesystem fir Ëmverdeelung fir Refugiéen

Déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffe si momentan um EU-Sommet zu Bréissel zesummen. En Donneschdeg gouf et nach keng Eenegung fir e méigleche Quotesystem, fir Refugiéen an der EU ëmzeverdeelen. Et gouf awer decidéiert, d'Wirtschaftssanktioune géint Russland ze verlängeren. Am Friddensprozess fir d'Ukrain géifen et net genuch Fortschrëtter ginn. E weidert Thema war eng méiglech Prozedur géint Polen, wéinst dem net-Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet.

Serge Kesseler, Danièle Weber / cz

Boyko Borissov, Premier ministre de la République de Bulgarie, Xavier Bettel, Premier ministre, Donald Tusk, Président du Conseil de l'UE
Foto : SIP / Thierry Monasse

Keng Eenegung gouf et den Donneschdeg fir e méigleche Quotesystem, fir Refugiéen an der EU ëmzeverdeelen. Den EU-Conseilspresident Donald Tusk hat dofir gesuergt, datt dëse Punkt op den Ordre du jour gesat gouf.

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet probéiert, dat positiv ze dréinen. D'Situatioun wier scho besser, wéi virun engem Joer, wou et ee komplette Blockage vu verschiddenen osteuropäesche Länner gouf, sou de Xavier Bettel. Polen, Tschechien, d'Slowakei an Ungarn wëlle 35 Milliounen op den Dësch leeën, fir Italien bei der Grenzofsécherung ze hëllefen.

Solidaritéit ënnert de Memberlänner stäerken

De Xavier Bettel plädéiert fir e permanente Quotesystem. Sech fräi ze kafe kéint net d'Léisung sinn. "Well da kéint ee bei all Projet soen, datt een d'Checkbuch géing eraushuelen an da brauch een net méi matzemaachen."

Solidaritéit dierft net nëmmen an enger externer Dimensioun bestoen, mä se muss och no banne existéieren. Et wier nach e grousst Stéck Aarbecht ze maachen. D'Standpunkter hätte sech net verännert, et géif awer de kloren Opdrag, bis den nächste Juni weiderzeschaffen.

Méiglech Prozedur géint Polen

Um Bord vum Sommet hat deen neie polnesche Premier Marawiezki gesot, sengen Informatioune no géif d'Kommissioun den 20. Dezember eng Prozedur lancéieren, well Polen d'Rechtsstaatlechkeet net respektéiert.

An där Prozedur kënne Memberlänner hire Veto aleeën. Ungarn huet dat schonn annoncéiert. Lëtzebuerg wier am Prinzip solidaresch mat Decisioune vun der Kommissioun, sot de Xavier Bettel. Et wier awer nach ze fréi, sech do op eng Positioun festzeleeën.

Wirtschaftssanktioune géint Russland goufe verlängert

D'EU-Sanktioune géint Russland - déi et zënter 2014 ginn - goufen ëm sechs Méint verlängert, bis Enn Juli 2018. Dat gouf den Donneschdeg um EU-Sommet zu Bréissel festgehalen. D'Situatioun um Terrain géif et momentan net erlaben, d'Sanktioune géint Russland zréckzezéien, sou de lëtzebuergesche Premierminister Xavier Bettel. D'Sanktioune kéinten awer och net iwwer déi nächst zéng oder 15 Joer bestoe bleiwen. Et misst een d'Situatioun am A behalen.

D'nächst Joer si Wahlen a Russland, fir déi de Vladimir Putin kandidéiert. Et wier net opportun, am Mäerz iwwer d'Sanktiounen ze decidéieren, wa grad Wahlen a Russland sinn. Spéitstens um EU-Sommet am Juni misst een awer iwwer Situatioun diskutéieren, mengt de Xavier Bettel.

Offiziell distanzéiert gouf sech um EU-Sommet vun der US-Decisioun fir eng Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel. De Statut vu Jerusalem soll duerch Verhandlunge gekläert ginn, an den Noost-Konflikt soll duerch eng Zwee-Staate-Léisung bäigeluecht ginn, gouf vun den EU-Spëtzepolitiker confirméiert.

Lëtzebuerg mécht bei zwee Militärprojete mat

Déi nei Europäesch Verdeedegungsunioun gouf um Bord vum EU-Sommet offiziell lancéiert. De Xavier Bettel huet vun engem wichtege gemeinsame Projet geschwat, fir d'EU bannent der NATO ze stäerken. Lëtzebuerg mécht virop bei zwee EU-Militärprojete mat. Am Beräich vun der Mobilité militaire wéilt een d'Prozedure fir d'Zaldote vereinfachen, fir Material méi einfach a méi séier kënnen ze deplacéieren, och iwwer Landesgrenzen ewech.

Den zweete Projet, bei deem Lëtzebuerg matmécht, ass de Centre d'excellence pour les missions de formation vun der Europäescher Unioun. But vun dësem Projet wier et, fir d'Formatioun vun den Zaldote sou z'organiséieren, datt d'Auslandsmissioune verbessert kënne ginn, sou de Xavier Bettel. Bei der neier europäescher Militärkooperatioun si 25 EU-Staaten dobäi: Groussbritannien, Dänemark a Malta maachen net mat.

Migratioun, Baussegrenzen, Polen

Sanktiounen an Defense

Méi zum Thema

EU Commissärin Marianne Thyssen
EU-Sozialpolitik

Um EU-Sozial-Sommet gëtt eng Deklaratioun iwwer sozial Rechter vun EU-Bierger ënnerschriwwen. Et gëtt Kritik un der praktescher Relevanz vum Text. Well d'Kompetenz läit bei den nationale Regierungen.

Xavier Bettel a Charles Michel
Steierpolitik

D'EU hält un hire Pläng fest, eng aner Besteierung vun Internet-Entreprisen anzeféieren. Anerersäits sollen fir Google a Co. um globale Maart awer och déi nämmlecht Konditiounen gëllen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen