Logement Sam Tanson: "Dramatesch Situatioun"

D'Foto vun de Leit, déi hënt virun den SNHBM op der Kalchesbréck campéiert hunn, weist d'Dramatik vun der Lag um Lëtzebuerger Logementsmarché, sou den Direkter Guy Entringer. D'Nach-Logements-Ministerin deelt dës Analys vum Direkter vun der Société nationale des habitations à bon marché. Dat seet d'Sam Tanson de Mëtteg op Nofro hin.

Serge Kesseler / cz

Sam Tanson
D’Nach-Logements-Ministerin Sam Tanson

Den Interview vum Serge Kesseler mat der Sam Tanson:

Lauschteren


Virum Gebai vun der SNHBM hunn eng Partie Leit stonnelaang gewaart, fir de Moien hire Kandidaten-Dossier ofzeginn, fir Wunnengen an Haiser, déi zu Alzeng gebaut ginn. Déi aktuell Prozedur vum ëffentleche Promoteur gesäit vir, datt d'Bienen un d'Leit vergi ginn, an der Reiefolleg an där si hiren Dossier ofginn.

D'Ministerin Sam Tanson weist sech "relativ schockéiert" iwwer d'Photo vun de Leit, déi virun de Büroe vun der Société nationale des habitations à bon marché campéiert hunn.

"Et weist einfach wéi ugespaant an dramatesch d'Situatioun um Wunnengsmaart ass. Dat ass natierlech eppes, wat op villen Niveauen inacceptabel ass. Op där enger Säit fannen ech et net würdeg, wa mir op Situatioune kommen, wou Leit campéiere fir eng Wunneng ze kréien. Et weist awer och, wéi grouss de Besoin ass, datt mir handelen."

Méi zum Thema

Guy Entringer.JPG
Leit campéiere virun SNHBM

Déi lescht Nuecht hunn eng Rei Persounen virum Gebai vun der SNHBM op der Kalchesbréck d'Nuecht verbruecht, fir de Mëttwoch Moien ënner den Éischten ze sinn, déi sech op eng Lëscht fir een Haiserprojet zu Alzeng aschreiwen.

Chantier Exklusiv
Logement

D'"Société Nationale d'Habitation à Bon Marché" schafft un enger Kapitalerhéijung. Wéinst hirer Expansioun soll d'SNHBM viraussiichtlech zéng Milliounen zousätzlech zur Verfügung gestallt kréien.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen