Sozialwahlen 2019 D'Salariatskammerwahlen erkläert

D'Salariatskammerwahlen erkläert

526.476 Salariéen a Pensionéierter sinn opgeruff bis den 12. Mäerz déi 60 Vertrieder vun der Salariatskammer per Bréifwahl ze wielen. Ënner de Kandidate sinn d'Männer mat ronn 70 Prozent staark iwwerrepresentéiert. Manner wéi een Drëttel vun de Kandidate si Frontalieren. 264 Kandidate vu sechs Gewerkschafte gi mat an d'Wahlen. Mee wéi lafen déi Wahlen genee of a wat sinn d'Enjeuen?

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen