Anescht wéi vu verschiddene Säiten annoncéiert gi war, wär de Mëtteg och keng lescht Reunioun méi um Schlichtungsamt gewiescht. Eng "non-conciliation", also den Echec vun de Verhandlungen, soll nach haut offiziell deklaréiert ginn.
D'Céline Conter seet si géif dervun ausgoen, datt 74 Mataarbechter elo wäerten entlooss ginn. Den LCGB mengt weiderhin, sou Licenciementer wieren e Verstouss géint de Kollektivvertrag. D'Gewerkschaft bitt de Betraffene juristesch Hëllef un fir ee Recours géint hir Entloossung ze maachen.