"Dat ass e Phenomeen, dee sech bei all Kris widderhëlt. Ech hunn der an deene leschten 20 Joer e puer materlieft. Dat hei huet Mëtt Mäerz ugefaangen, an et ass mat Ofstand déi schlëmmsten. Et gouf e ganzen Tsunami un Annulatiounen fir gebuchte Publicitéit an enger Wucht, wéi mer nach ni virdru gesinn hunn."
D'Pubsrecettë sinn am zweeten Trimester ëm 40 Prozent agebrach. Fir d'Tourismusbranche beispillsweis, esou den Thomas Rabe.
"Mécht et wierklech net ganz vill Sënn, fir wärend dem Lockdown Teleespub fir Vakanzen ze schalten, oder?"
RTL konnt am Géigenzuch d'Zuel vun den Abonnenten op senge Streaming-Plattformen an Däitschland an Holland erhéijen. Mee dat goung net duer, fir d'Ausfäll bei der Tëleespub ze kompenséieren. Déi nei finanziell Situatioun géif awer keng weider Moossnamen zu Lëtzebuerg no sech zéien. D'lescht Joer hat RTL e Sozialplang fir ronn 70 Mataarbechter duerchgezunn.
De Responsabele fir d'Operatiounen Elmar Heggen ass deemools dovun ausgaangen, datt de Radio an d'Tëlee, BCE an déi aner Support-Funktiounen, déi Performance bréngen, déi sech erwaart géif ginn, an et wiere keng zousätzlech Restrukturatioune geplangt.