Caritas Fir eng nohalteg Sozialpolitik
Déi sozial Lag am Land hätt sech net wiesentlech verbessert, stellt de Robert Urbé fest. De Spriecher vun der Caritas vermësst eng Debatt iwwert d'Fro vum Wuesstem. Den 1,1 Milliounen-Awunnerstaat wier keng Fatalitéit. D'Reform vum RMG kéint een nach verbesseren.
D'Sozialpolitik vun der Regierung wier net wäiss an net schwaarz, mä gro, seet de Spriecher vun der Caritas a Coordinateur vum "Sozialalmanach 2017". De Robert Urbé seet, datt an der Reform vum RMG an Zukunft besser no de Kanner géif gekuckt ginn.
D'Reform géif awer net wäit genuch goe beim Betrag pro Stot a fir d'Kanner. A verschiddene Fäll missten och Leit ënner 25 Joer vum REVIS (de reforméierten RMG) kënne profitéieren.
Déi sozial Lag stagnéiert
De grousse Wirtschaftswuesstem kéim net jidderengem d'selwecht zegutt, seet de Robert Urbé. Bei der Steierreform wier eng Geleeënheet verpasst ginn, fir den ënneschte Klasse méi zoukommen ze loossen. Beim REVIS géif een dat selwecht riskéieren.
De Robert Urbé geet dovun aus, datt Lëtzebuerg den aktuellen Taux vum Aarmutsrisiko vu bal 16% net wäert verbesseren. Hie mengt och net, datt Lëtzebuerg säin Zil aus der Strategie 2020, fir 6.000 Leit aus dem Aarmutsrisiko erauszehuelen, wäert erreechen.
Inexistent Debatt iwwert de Wuesstem
D'Caritas vermësst en Debat am Land iwwert d'Wuesstemsfro a wéi Lëtzebuerg sech déi nächst Jore soll entwéckelen. Do wier Politikgestaltung gefrot. Esou eng Politik misst all Beräicher ofdecken. Ugefaange mat der Fro, wéi wäit ee wëll wuessen, an ob een nei Betriber usidelt an nei Aarbechtsplaze schaaft. Dem Robert Urbé no kéint d'Regierung de Wuesstem steieren a bremsen.
Eurostat hat Lëtzebuerg virun zwee Joer 1,1 Milliounen Awunner fir 2060 virausgesot. Mëttlerweil geet Eurostat vun 990.000 Awunner aus. Dat ännert näischt um Prinzip, datt d'Populatioun wiisst an d'Land sech drop muss astellen, seet de Robert Urbé.
Den 1,1 Milliounen-Awunnerstaat wier keng "Phantomdiskussioun", wéi den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister dat géif behaapten, erkläert den Ekonomist vun der Caritas. D'Regierung géif selwer fir de Pensiounssystem vun engem Wirtschaftswuesstem vun 3-4% vum PIB d'Joer ausgoe bis 2060. Dem President vun der Pensiounskeess Robert Kieffer no bräicht Lëtzebuerg fir deen Zeenario esouguer 1,3 Milliounen Awunner am Joer 2060, seet de Robert Urbé.
Keen nohaltege Pensiounssystem
Déi aktuell Maximalpensioune vu bis zu 7.000 € de Mount wiere fir en ëffentleche Pensiounssystem net ze droen. D'Pensioune missten op 2,5 mol de Mindestloun gedeckelt ginn, seet de Robert Urbé. En ëffentleche Pensiounssystem sollt an den ënneschte Pensiounsklassen eng Normalitéit garantéieren.
Fir alles, wat driwwer erausgeet, missten d'Leit sech selwer versuergen. "D'Solidaritéit muss sech ëm déi ënnescht Sozialklasse këmmeren, an net ëm déi, déi iwwert der Moyenne leien."