Reesrestriktioune wéinst Corona Neien Ulaf géint de Chaos vu Risikogebidder
Rout, orange, gréng Zonen: wien den Ament an Europa op d'Rees geet, ass mat engem zimmlechen Duerchernee konfrontéiert. Datt Däitschland, dat den Ament d'EU-Presidence huet, ausgerechent Bréissel als Corona-Risikogebitt deklaréiert huet, mécht d'Saach net méi einfach. Zu Bréissel gëtt weider iwwer gemeinsam Krittäre fir Mesuren diskutéiert.
D'Europäesch Kommissioun gëtt net midd ze betounen, dat si alles mécht fir d'Länner dozou ze beweegen, hir Mesurë besser openeen ofzeschwätzen. Bis elo ass dat awer grëndlech schif gaangen.
Lescht Beispill: Ungarn huet seng Grenzen zanter ufanks der Woch fir europäesch an aner Auslänner zougemaach. E Méindeg koum d'Annonce. Op der Videokonferenz leschte Freideg, op där sech déi national Vertrieder iwwer déi neiste Mesuren ausgetosch hunn, gouf kee Wuert doriwwer verluer. "Effektiv huet Ungarn bei där Reunioun keng nei Mesuren ugekënnegt", esou e Kommissiounsspriecher op Nofro vun der Press.
Dobäi sollt grad op där Versammlung en neie Versuch gemaach ginn, d'Länner op een Nenner ze bréngen.
D'Kommissioun huet ee Koordinatiouns-Dokument presentéiert mam Opruff, gemeinsam Krittäre fir Risikogebidder an déi entspriechend Mesuren auszeschaffen.
Datt sech Bréissel hei ëmsoss d'Zänn ausbäisst, läit net un der Kommissioun, mee un de Memberlänner, soe vill Kritiker, déi sech iwwer den europäeschen Echec opreegen. Fir den Europadeputéierte Peter Liese huet net d'EU, mee déi national Regierung hei versot,
"Die EU-Mitgliedstaaten haben den europäischen Institutionen noch nicht mal die Kompetenz gegeben, gemeinsame Empfehlungen herauszugeben. Da ist es natürlich schwierig, europäische Regeln durchzusetzen."
D'Zil misst et sinn, datt all Land op der Basis vun deene selwechten Informatiounen déi nämmlecht Mesuren hëlt, esou de Peter Liese.
D'Kommunikatioun tëschent den Autoritéite géif och net richteg funktionéieren. Op den Internetsäite vun nationalen Autoritéite géifen Informatioune stoen, déi d'EU-Institutiounen deels net zur Verfügung hunn. "Dat si keng gutt Viraussetzungen", esou de Peter Liese.
Risikogebidder: mécht Däitschland een Excès de zèle?
Fir den däitschen CDU-Politiker hunn déi lescht Méint gewisen, datt méi Reesen och zu méi héijen Infektiounszuele féieren. Dowéinst verteidegt hien de Prinzip Risikogebidder auszeweisen. Dat net ze maache wier aus medezinescher Siicht net raisonnabel, esou den Europadeputéierten, dee selwer Dokter ass. Däitschland hätt hei net iwwerdriwwen.
"Es wäre wünschenswert, dass alle Länder so vorsichtig sind und so umfassend testen wie Luxemburg, gleichzeitig sollten alle bei der Ausweisung von Risikogebieten so streng sein wie Deutschland."
Manner zefridde mat der däitscher Method ass een awer net nëmmen zu Lëtzebuerg.
Däitschland huet domat zum allgemenge Chaos bäigedroen, seet de Rasmus Andresen, Europadeputéierte vun deene Gréngen,
"Gerade Deutschland verhängt viele Reisewarnungen, ohne sich mit anderen zu koordinieren. Das führt dazu, dass der Alltag erschwert wird. Es wäre wünschenswert, deutlich mehr Zeit in die Koordindation zu investieren".
Effektiv huet elo nieft der Kommissioun och Däitschland zesumme mat Frankräich eng Initiativ gestart.
Risikogebidder géife vun de Länner an ënnerschiddlech Kategorien agestuuft ginn, d'Zuel vun de Deeg fir d'Quarantän variéiert an och fir d'Tester gëllen net déi nämmlecht Delaien, esou de Constat vun der däitscher Presidence.
Haut diskutéieren d'EU-Ambassadeuren iwwer dee Pabeier, an deem och gemeinsam Krittäre proposéiert ginn.
Vu datt Däitschland den Ament d'Presidence vun der EU huet, gesäit de Rasmus Andresen gewëss Chancen, datt eppes virugeet. Berlin hätt een aneren Afloss op déi zoustänneg Ministeren aus de Memberlänner wéi d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, esou seng Hoffnung.
Risikogebitt Bréissel: EU-Alldag ass méi komplizéiert
D'Europadeputéiert sinn iwwerdeems och perséinlech vun de Reesrestriktioune betraff. Virun allem zanter Däitschland Bréissel zum Risikogebitt deklaréiert huet. Et hunn dowéinst scho misste Reunioune vun EU-Fonctionnairen zu Berlin ofgesot ginn.
Wéinst deenen däitsche Restriktioune wier et komplizéiert nees zeréck a säi Walkrees ze reesen, beklot sech de Rasmus Andresen. Hien ass den Ament zu Bréissel, well hien am Numm vum Parlament mat iwwer den EU-Budget verhandelt.
D'Europadeputéiert ginn ënnerschiddlech mat där Situatioun ëm. De Peter Liese zitt aus Risiko-Grënn den Home-Office a senger däitscher Heemecht vir. Obschonn hien et vu Kerpen bei Köln net wäit bis op Bréissel huet, war hien zanter Mäerz just eng Kéier am Parlament. "Als Arzt und als gesundheitspolitischer Sprecher unserer Fraktion habe ich mich dazu entschieden", esou seng Erklärung.
Plenière zu Stroossbuerg: "Onverantwortlech"
De Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel ass zanter zwou Wochen nees present am Parlament. "Mir huet de perséinleche Kontakt, virun allem och mat menge Mataarbechter a Mataarbechterinne gefeelt. Ech si frou, datt ech hei sinn", seet hien. D'Gestes barrières géif hien zu Bréissel genee esou anhale wéi zu Lëtzebuerg.
An engem Punkt si sech déi dräi Europadeputéiert eens: et ass keng gutt Iddi, datt sech déi iwwer 700 Europadeputéiert plus Mataarbechter fir d'Plenière de 14. September aus dem Risikogebitt Bréissel op Stroossbuerg deplacéieren, wou d'Infektiounszuele klammen.
Dat wier "onverantwortlech", seet de Rasmus Andresen. Et wier besser de Gros vun de Sitzungen online ze maachen an d'Plenière vu Bréissel aus ze organiséieren, fënnt de Peter Liese.
D'Decisioun doriwwer ass nach net gefall, si soll spéitstens den 10. September um Niveau vun de Fraktiounscheffe geholl ginn. Och de Marc Angel huet hei eng kloer Meenung: "Ech hoffen, datt si soen: bleift zu Bréissel."
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit