Corona-Pandemie Risiko-Gestioun
Mat Ausnam vun engem Lockdown kéinte sanitär Restriktiounen zur Bekämpfung vun der Corona-Pandemie weder prezis nach komplett koherent sinn. Dovunner ass de Claude P. Muller vum Luxembourg Institute of Health iwwerzeegt. Zil misst et sinn déi sozial Kontakter gesamtgesellschaftlech méiglechst staark genuch ze reduzéieren a gläichzäiteg d'Kollateralschied op ee Minimum ze reduzéieren. Et hätt een awer kënnen éischter handelen: Fir de Virolog waren d'Infektiounzuele bei eelere Leit scho Mëtt Oktober alarmant.
De Bäitrag vum Pia Oppel lauschteren
Wéi eng Restriktioune wéi een Impakt op den Epidemie-Verlaf hunn, kéint ee just schwéier viraussoen - och well et um Enn op d'Verhale vun all Eenzelem ukënnt. Et misst een och akzeptéieren, datt deels widderspréchlech Virschrëfte co-existéieren, esou de Claude P. Muller:
"All déi eenzel Mesuren, déi gemaach ginn, dierf een net ëmmer eent zu eent matenee vergläichen a soen: 'Déi dierfen, awer firwat däerfe mir net? Firwat dierfen déi eng Fussball spillen an déi aner net?'. Wann eng Mannschafft Fussball spillt, dann ass et eng Mannschaft. Mee wann awer elo déi drënner och Fussball spillen, da sinn et der vläicht honnert. An de Risiko vun enger Mannschaft, déi spillt, dee kann ee vläicht akzeptéieren. Mee de Risiko vun honnert, déi spillen, ass vill méi ee grousse Risiko, dee mat enger vill méi grousser Wucht kann ëmsechgräifen."
Individuell Risikobereetschaft
Déi niddreg Infektiounszuele vun de leschte Méint hätten derzou geféIert, datt d'Leit nees méi Risiken aginn. Elo géif sech d'Fro stellen, wéi een Effekt déi héich Infektiounszuelen op d'Disziplin a Saachen HygiènesreEgelen hätten. Am Ausland géif een awer och Leit gesinn, déi wat déi sanitär Mesurë méi restriktiv ginn, se sech manner dorunner wéilten halen - och well "d'Leit ufänke midd ze ginn." Hie géif mengen, datt d'Leit zu Lëtzebuerg awer nach anescht géife reagéieren a sech denken "D'Zuele ginn erop, dat ass ee Grond fir mech elo méi anzeschränken an opzepassen."
Dobäi misst ee sech bewosst sinn, datt net just déi eeler Leit, déi gesondheetlech Komplikatioune riskéieren, een Interessi drun hu fir d'Pandemie am Grëff ze behalen:
"Et muss een natierlech och déi Jonk drun erënneren, datt si zwar méiglecherweis manner krank ginn - an ech betoune méiglecherweis - awer déi éischt sinn, déi déi wirtschaftlech Konsequenzen ze droen hunn."
Transparenz a Versteesdemech
Et wier un der Regierung fir de Sënn vun deem néidege kollektiven Effort ze erklären, fënnt de Claude P. Muller. An dofir wier méi Transparenz néideg. Hien nennt d'Beispill vum Large-Scale-Testing: Hei géif zwar matgedeelt ginn, wéi vill positiv Fäll fonnt ginn - mee net wéi eng Infektiounsketten doduerch konnten detektéiert ginn, also wéi vill weider positiv Fäll dann zousätzlech nach duerch de Contact-Tracing fonnt ginn:
"Ech gi lo Mml dovunner aus, datt dat eng relativ héich Zuel wier. An dat wier eng wichteg Motivatioun, datt et net just drëms geet, datt ech elo getest sinn, an datt ech elo weess, ob ech eventuell positiv oder negativ sinn. Awer ech weess och, well herno gesot gëtt, beim Contact-Tracing sinn 30 Prozent vun de Positiven, déi mir fannen duerch de Contact-Tracing vu Leit, déi beim LST opgefall sinn."
Alarmant Dynamik zanter Enn September
Hätt d'Regierung éischter missen nei Restriktiounen decidéieren? Si hätt op alle Fall éischter misse gesinn, datt et ee Problem bei den eelere Leit gëtt, äntwert dorobber de Claude P. Müller. Zanter Enn September war d'Hausse vu Corona-Fäll bei den iwwer 60 Joer ale Leit méi markéiert wéi déi an aneren Alterskategorien. Spéitstens Mëtt Oktober hätt een doriwwer missen alarméiert sinn:
"Den Zouwuess ass bis zu méi wéi duebel esou héich an där Alterskategorie iwwer 60. An dat ass schonn erkennbar gewiescht den 29. September a méi eendeiteg den 11. Oktober. A wa mer dann op den 18. Oktober ginn, da gesäit ee bei de 'jonken Erwuessenen' tëschent 20 a 40 den Zouwuess enger Multiplikatioun ëm de Facteur dräi bis 4,5. A entsprécht, bei den Eeleren ass e siwe bis néng Mol esou héich. Dat bezitt sech ëmmer op de 6. September."
Fokus op de falschen Indicateur
D'Gesondheetsministerin hätt an hiren ëffentlechen Aussoen ëmmer drop higewisen, datt den Undeel vun eelere Leit am Verglach zu de gesamten Nei-Infektiounen relativ stabel wier.
Deen Indicateur géif engem awer eng falsch Sécherheet ginn, mengt de Claude P. Muller: Well e géif verstoppen, datt trotzdeem ëmmer méi eeler Leit sech ugestach hunn. An dat wier et, wat duerno och bei der Entwécklung vun den Hospitalisatioune géif zielen.