arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rietskéier

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

Rietskéier

Et kéint een den Androck hunn, datt rietspopulistesch a rietsextrem Parteien a Politiker op der ganzer Welt ëmmer méi Erfolleg bei demokratesche Wahlen hunn. Den Ausdrock vum "Rietsruck", dee sech zanter enger Zäit agebiergert huet, trëfft de Sachverhalt och nëmmen ongenee, well et sech hei net ëm e plëtzlecht Optauchen handelt, mee ëm eng joerzéngtelaang Tendenz, déi de wëssenschaftlechen Etüde scho laang bekannt ass.

headphones

3 min

Zanter der Wahl vum brasilianeschen Ex-Militärkapitän Jair Bolsonaro dierft et nach emol méi kloer sinn, datt déi grouss Tendenz zum Rietspopulismus an zum Rietsextremismus zu engem Phenomen vun der Weltpolitik ginn ass.

Aus Däitschland kënnt den Ausdrock "Rechtsruck", dee leider zimlech onglécklech schéngt, fir esou eng laangjäreg a progressiv Beweegung ze charakteriséieren. Ruck bezeechent eng abrupt, stoussaarteg, plëtzlech Beweegung. An deem Sënn kënnt ee bal mengen, den Erfolleg vun der rietspopulistescher Politik kéim op eemol an als allgemeng Iwwerraschung.

D'Realitéit ass bësse méi komplizéiert

Grad esou séier wéi dësen angebleche Ruck kommen dann och déi presséiert Interpretatioune vu Lénks an aus der Mëtt. Et wieren déi béis rietspopulistesch Parteien oder Politiker, déi d'Leit no riets lackele géifen. Oder Rietspopuliste géifen nëmme vu fuerchtbare Leit gewielt ginn, vun Autoritären a Faschisten, deene souwisou net ze hëllefen ass.

Zum Gléck kommen aus Däitschland och laangjäreg politesch a statistesch Studien déi weisen, datt d'Saachen an der Realitéit e bësse méi komplizéiert sinn. Esou weisen d'Recherchë vum Robert Vehrkamp a Wolfgang Merkel am Populismusbarometer 2018, datt an Däitschland schonn 30 Prozent vun de Wieler populisteschen Iddie favorabel sinn. Dat wieren Anti-Establishment Kritiken, Theme wéi Vollekssouveränitéit an Antipluralismus.

Et gëtt eng Oppenheet fir populistesch Iddien

An trotzdeem lehnen 71 Prozent vun den däitsche Wieler et strikt of d'AfD ze wielen. Trotz dem Fait also, datt all Drëtten d'Iddie vun de Populiste gutt fënnt, huet d'AfD déi héchsten Oflehnung vun allen Parteie bei de Wieler.

Dat weist dorop hin, datt et eng Oppenheet fir populistesch Iddien an der Populatioun gëtt, déi net vun de rietspopulistesche Parteien ervirgeruff gouf, an hinnen net emol onbedéngt hëlleft. D'AfD, esou de Merkel an de Vehrkamp, hunn de Populismus also net mussen erfannen, d'Rietspopuliste brauchen se just politesch ze aktivéieren.

Populismus huet an der politescher Mëtt am meeschte Succès

Wou kënnt déi Kéier no Riets awer dann hier? Déi kënnt net haaptsächlech aus obskure rietsextreme Randzonen, mee aus der politescher Mëtt. An der politescher Mëtt gëtt et bei der Ëmfro vun 2018 eng Populismus-favorabel Steigerung vu 14 Prozent géigeniwwer vun 2017.

Domat ass déi politesch Mëtt dat Wielersegment, an deem de Populismus am meeschte Succès huet. An dovu profitéieren déi rietspopulistesch Parteien dann tatsächlech. Dozou de Vehrkamp an de Merkel: "Populismus ass dat trojanescht Päerd vun der AfD an der politescher Mëtt".

Publikum gëtt net verféiert

Och déi sougenannt "Leipziger Studien" iwwer autoritär a rietsextrem Astellungen, déi zanter 2002 all zwee Joer op en Neits gemaach ginn, kommen zu ähnleche Resultater. Si hunn dofir laang den Numm "Leipziger Mitte Studien" gedroen. 2016 gouf dës Etüd mam Titel "Die enthemmte Mitte" publizéiert.

An och aus dëse Studie geet kloer ervir, datt de "populisteschen Agitator" säi Publikum net verféiert. Hie gräift just mat enger intuitiver Sécherheet Bedürfnisser op, déi schonn do sinn.

Doraus kann een da liicht gesinn, datt mat Kritiken un eenzele Parteien, oder eenzele Politiker, oder och nach un denigréierte Gruppe vu Wieler net vill erreecht ass, wann et dorëm geet, de Riets-Populismus an de Rietsextremismus ze bekämpfen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.