Gesondheet Riedelen: Net geimpfte Leit besonnesch a Gefor

D'Riedele sinn eng vun den ustiechendste Krankheeten op der Welt. Virun allem déi Erwuesse si responsabel fir d'Verbreedung vum Virus, seet de Dr. Pierre Weicherding vun der Inspection Sanitaire am 100,7 Interview.

Maxi Pesch / cz

Riedelen
Foto: bigstock / weerapat

Bei de Kanner leit den Taux de Vaccinatioun fir déi zwou Dosisse vum Impfstoff, hei zu Lëtzebuerg bei 99 Prozent respektiv 90 Prozent fir déi zweet Impfung. "Praktesch jiddwereen, dee virun 1970 gebuer ass, hat déi Krankheet eng Kéier", sou de Pierre Weicherding.

Déi Persoune wieren dofir e Liewe laang immun géint déi Krankheet. Méi spéit wier d'Impfung ageféiert ginn, mee net jiddweree wier geimpft ginn, an och net jiddwereen hätt déi Krankheet kritt. Genee déi Leit géife riskéieren déi Krankheet elo ze kréien. "All déi Fäll, déi déi lescht Jore bei eis waren, dat waren Erwuessener", sou de Pierre Weicherding. Statistike ginn et keng.

Fir d'Krankheet ganz auszerotten dierft allerdéngs kee méi d'Krankheet hunn, esou de Pierre Weicherding. Dofir missten déi krank Leit awer komplett isoléiert an och geimpft ginn.

Lëtzebuerg géif aktuell awer net iwwer eng Impfflicht nodenken, heescht et aus dem Gesondheetsministère. Dofir géif Sensibiliséierungsaarbecht gemaach ginn. De Ministère bitt Kanner an Erwuessenen den Impfstoff géint Riedelen elo gratis un.

Méi zum Thema

Impfen
Gesondheet

Aktuell gëtt et aacht Fäll vu Riedelen zu Lëtzebuerg, seet d'Direktioun vun der Santé. Et wier ze fréi déi Chifferen als Urgence ze deiten, seet den Direkter Jean-Claude Schmit.

Kichegespréicher 3
Chamberwahlen 2018

An de Kichegespréicher stelle sech jonk Kandidatinnen a Kandidaten an engem relaxe Kader de Froe vu jonke Wielerinnen a Wieler. An der drëtter a leschter Episod geet et ëm Mobilitéit a Gesondheet.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen