Gesondheet Riedelen: Momentan 8 Fäll zu Lëtzebuerg

Aktuell gëtt et aacht Fäll vu Riedelen zu Lëtzebuerg, seet d'Direktioun vun der Santé. Ee Lëtzebuerger hätt den extrem ustiechende Virus aus Frankräich mat zeréck bruecht. Et wier ze fréi déi Chifferen als Urgence ze deiten, seet den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit.

Léo Kirsch / cz

Impfen
Foto: Bigstock / TeroVesalainen

Zu Lëtzebuerg wieren 90 Prozent vun de Jugendleche géint Riedele geimpft, esou d'Direktioun vun der Santé. Dowéinst bezweiwelt de Spezialist fir ustiechend Krankheeten och, datt elo scho konkret iwwert eng Impfflicht geschwat wäert ginn.

Wann et zu Lëtzebuerg honnerte Fäll vu Riedele géif ginn, wéi dat aktuell a Frankräich de Fall ass "wier dat eng aner Diskussioun", seet de Jean-Claude Schmit. Wann een déi Fäll, déi em momentan zu Lëtzebuerg gëtt géif ënner Kontroll kréien, an de Virus sech net weider géif verbreeden, misst ee wahrscheinlech och net an d'Richtung vun enger Impfflicht goen.

Impftaux vu 95 Prozent ass néideg fir Risiken ze miniméieren

Den Jean-Claude Schmit begréisst generell eng Diskussioun iwwer d'Impfflicht, zweiwelt awer staark un dem Erfolleg an der Konsequenz vun der Mesure. A Frankräich wiere schonn eng Rei falsch Certificaten opgedaucht, "dat heescht, et sinn awer Leit déi fuddelen".

Mat 90 Prozent korrekt geimpfte Jugendleche wier d'Impfmiddegkeet zu Lëtzebuerg manner staark verbreet wei an aneren Nopeschlänner. Et wier awer en Taux vu ronn 95 Prozent néideg, fir de Risiko vun engem Ausbroch genuch ze reduzéieren.


De Panorama-Bäitrag vum Léo Kirsch:

Lauschteren

Méi zum Thema

Kichegespréicher 3
Chamberwahlen 2018

An de Kichegespréicher stelle sech jonk Kandidatinnen a Kandidaten an engem relaxe Kader de Froe vu jonke Wielerinnen a Wieler. An der drëtter a leschter Episod geet et ëm Mobilitéit a Gesondheet.

Zocker
Iessen a Gesondheet

Experte si sech eens: Zocker ass ongesond. Ass eng Zockertax dofir sënnvoll? Eng international Etüd mat Lëtzebuerger Participatioun ass där Fro nogaangen - an ass dofir an de südamerikanesche Chile gefuer.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen