Ëffentlechen Transport RGTR-Bussen: Personalmanktem "hält sech a Grenzen"

De Mobilitéitsministère schafft den Ament un enger Léisung fir engem méigleche Personalmanktem bei den RGTR-Bussen entgéintzewierken an en Ausbau vum Schoultransport ze plangen.

Christiane Kleer / cz

François Bausch

Muer soll de Regierungsrot déi néideg Adaptatioun unhuelen. Vun e Méindeg u wäerte jo méi Schoulbussen am Land ënnerwee sinn, fir ze verhënneren, datt ze vill Schüler um Wee an d'Schoul beienee kommen. Gläichzäiteg gëtt eng Reserv opgebaut vu Leit mat Bus-Führerschäi fir do auszehëllefen, wou Personal gebraucht gëtt. Dofir gi bei der Arméi an och bei der Luxair Leit mobiliséiert. Den Ament wier d'Situatioun bei den Iwwerland-Busse vum RGTR-Reseau awer nach éischter entspaant, seet de Mobilitéitsminister François Bausch.


De François Bausch


"Mir hunn Ausfäll, awer déi hale sech nach a Grenze beim RGTR. Mir wëllen och hei virbauen, well mer dovun ausginn, datt dat hei eis nach eng länger Zäit wäert beschäftegen, an da kënne mer op déi do Reserv eppes zeréckgräifen - also et geet eis drëm, datt mer de Reseau méiglechst kënnen oprecht erhalen."

Et hätt ee jo och den RGTR-Transport e bëssen ausgedënnt, well een de Moment net esou vill Busser brauch, well vill op Teletravail zeréckgegraff gëtt. "Déi Linnen, déi mer do eroffueren, déi Capacitéiten, déi setze mer an am Schülertransport, fir datt mer do de Schüler nach méi Raum ginn", esou de François Bausch.

Wéi eng RGTR-Linne wäerte vun der nächster Woch u limitéiert ginn, konnt de Mobilitéitsminister den Donneschdeg de Moien op eis Nofro nach net soen. Dat géif eréischt ufanks der nächster Woch kloer ginn, esou de François Bausch.

Méi zum Thema

Bus
No Kritik

No de rezente Kriticken un der Situatioun a verschidde Schoulbussen, reagéieren elo den Educatiouns- an de Mobilitéitsministère. No der Allerhellege-Vakanz sollen deemno méi Moyenen zur Verfügung stoen.

LuxTram
Gratis Ëffentlechen Transport

Vun e Samschdeg u soll den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis sinn. D'Gratuitéit ass nëmmen ee Bausteen an der Strategie vum Transportministère, fir déi ëffentlech Verkéiersmëttelen ze fërderen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen