Geheimdéngscht Reitz a Geisler solle SREL-Archiven opschaffen

Exklusiv Archiven
Foto: Bigstock / G Peshkova

D'Historiker Jean Reitz an Nadine Geisler goufe beoptraagt, fir d'SREL-Archiven aus de Joren 1960 bis 2001 opzeschaffen. Déi Informatioun huet de Staatsministère eis op Nofro hi confirméiert. Den Optrag leeft vum 1. Juni 2017 bis den 31. Mee 2019.

Datt déi al Archive sollen opgeschafft ginn, hat d'Geheimdéngscht-Enquêtëkommissioun 2013 an hirem Ofschloss-Rapport esou gefuerdert. Zejoert ass een entspriechend Gesetz gestëmmt ginn, wou de Kader fir d'Aarbecht vun den Historiker definéiert gëtt. Si ginn an hirer Aarbecht begleet duerch een Evaluatiounscomité.

Am Evaluatiounscomité vertruede sinn:

  • Fir d'Chamber, de Serge Wilmes (CSV) an de Gusty Graas (DP)
  • Fir d'Regierung, d'Josée Kirps (Nationalarchiven) an de Jeff Fettes (Staatsministère)
  • Fir d'Uni Lëtzebuerg, den Andreas Fickers an de Benoît Majerus

Et goufen dräi Kandidature vu Fuerschergruppen mat all Kéiers zwee bis dräi Historiker.

De Jean Reitz war tëscht 2003 an 2016 Direkter vun der Agence Luxembourgeoise d'Action Culturelle (Alac). Zesumme mam Nadine Geisler an aneren Historiker huet hie rezent zu Käerjeng eng Ausstellung iwwert den Éischte Weltkrich mat realiséiert. Fuerschungsschwéierpunkte vum Nadine Geisler ware bis ewell d'Fraebewegung an de Geschichtsunterrecht an de Schoulen.

Méi zum Thema

Jean-Claude Franck Meenung
Kommentar

Déi aktuell Affär ëm eng illegal SREL-Ecoute weist, datt sech d'Attitude vun der Politik a Punkto Geheimdéngscht iwwerhaapt net geännert huet. E Kommentar vum Jean-Claude Franck.

Daten
Réckbléck 2016

Dräi Joer no der SREL-Affaire gouf nees iwwert de SREL diskutéiert: Iwwer den neie legale Kader, iwwer d'Affaire Bettel-Kemmer an iwwer Staatstrojaner. Ee Réckbléck mat de wichtege Punkten.

Josée Kirps.jpg
Archivgesetz

D'Direktesch vun den Nationalarchive Josée Kirps begréisst dat geplangten Archivgesetz. An der Dreckskëscht soll just nach dat landen, wat net méi gebraucht gëtt. Mee wat mat den ale SREL-Archive geschitt, bleift ongewëss.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Presserevue

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen