Gemengewahlen Réiden: "Kee Bäcker méi am Duerf"

D'Gemeng Réiden un der Atert ass den administrativen, kommerziellen a finanziellen Zenter vum Kanton Réiden am Weste vum Land. Mä d'Populatioun ass an de leschte Jore manner séier gewuess, wéi ee sech hätt kéinten erwaarden. No engem liichte Réckgang ass d'Awunnerzuel awer elo nees op ronn 2.800 geklommen, nodeems nei Wunnenge gebaut goufen, sou den éischte Schäffen Tom Faber. Fir d'Conseillère Monique Kuffer ass Geschäftsliewen zu Réiden "ee Suergekand".

Pierre Reyland / ys

Kuffer-Faber.jpg

An de Joren 2014 bis 2016 ass d'Populatioun an der Gemeng Réiden un der Atert liicht zeréckgaangen. D'Zuele vum STATEC weisen: An där Period ass d'Awunnerzuel vun 2.631 op 2.609 gefall.

"Et ware virun allem Jonker, déi an aner Gemenge goungen, well si zu Réiden kéng Terrainen oder Wunnenge fonnt hunn", seet den éischte Schäffen, Tom Faber. D'Gemengen-Conseillère Monique Kuffer mengt: Och eng héich Zuel vu Stierffäll hätt do mat gespillt. Et géif kee Grond ginn, Réiden ze verloossen. D'Gemeng géif villes bidden.

Deen negativen Trend huet sech och gedréint. Dëst Joer ass d'Populatioun nees geklommen, op ronn 2.800 Awunner. Grond dofir ass, dem Tom Faber no, datt nei Wunnengen an der Gemeng gebaut goufen.

Méi Wunnengen, méi Aarbechtsplazen

Am PAG (plan d'aménagement general), deen d'Gemeng Réiden viru véier Joer virgeluecht hat, sinn iwwer 10 Hektar Land an de Bauperimeter komm. Do soll neie Logement entstoen, och sozial Wunnengen, seet den Tom Faber. D'Gemeng géif awer nach ëmmer op der Regierung hire Plan Sectoriel Transport waarden.

Och déi kantonal Zone d'activité économique zu Réiden soll, dem PAG no, vergréissert ginn. Et sollen Handwierksbetriber dohi kommen, déi eppes produzéieren. Dem Tom Faber no kéinte bis zu 500 nei Aarbechtsplazen do entstoen.

Kee Bäcker méi am Duerf

Fir d'Monique Kuffer ass d'Geschäftsliewen am Zentrum vu Réiden "eist grousst Suergekand". E puer Geschäfter hätten an de leschte Joren zu Réiden zougemaach, a stéingen nach ëmmer eidel.

Zejoert hätt och de Bäcker zougemaach. E géif elo kéng "richteg Bäckerei, wou selwer gebak gëtt" méi am Duerf, bedauert d'Monique Kuffer. D'Gemeng misst Léisunge fannen, fir déi Commercen nees ze beliewen.

Schoul-Campus ouni Auto

De Kanton Réiden ass bekannt als Pionéier vu gréngen a nohaltege Projeten. Och zu Réiden wier dat eng Prioritéit, esou den Tom Faber an d'Monique Kuffer. Déi Réidener Biogas-Anlag alimentéiert elo schonn den Atert-Lycée, d'Schwämm an Sportshal komplett.

An Zukunft kéinten nach eng bis zwou Wandmillen op den Territoire vun der Réidener Gemeng stoe kommen. Dat am Kader vun engem neie Wandmillen-Projet am Kanton Réiden, deen an der Planung ass. An eng nei Grondschoul, déi zu Réiden gebaut gëtt, soll en Auto-fräie Campus kréien - eng Première zu Lëtzebuerg.

Der Croix Rouge hire Flüchtlings-Foyer Félix Schroeder zu Réiden, fir Frae mat Kanner, soll vergréissert ginn. Eng 75 Leit wieren den Ament do ënnerbruecht, esou d'Monique Kuffer. D'Rout Kräiz hätt en Terrain niewendru kaf, fir ze vergréisseren.

D'Presenz vum Flüchtlings-Foyer hätt zu Réiden absolut kéng Problemer oder Kritike bei den Awunner mat sech bruecht, seet d'Monique Kuffer.

Nëmmen eng Fra am Gemengerot

Als eenzeg Fra am Réidener Gemengerot huet d'Monique Kuffer probéiert, méi Fraen an der Gemeng fir d'Politik ze mobiliséieren - mat moderatem Succès. Op d'mannst eng Fra hätt awer kënnen iwwerzeegt ginn, fir ze kandidéieren.

"Réiden ass do nach zimlech zeréckhalend", mengt d'Monique Kuffer. Et wier, aus Zäitgrënn, och schwéier fir d'Fraen: "Du bass Mamm, du bass Hausfra an du hues wahrscheinlech nach ee 40-Stonnen Job". Do wier et schwéier, och nach d'Aarbecht als Gemenge-Conseillère ënner ze kréien.

Si wier och géint eng Quote-Regelung, betount d'Monique Kuffer. Et sollt een d'Fraen net "forcéieren", sech fir d'Politik z'engagéieren.

Kéng Oppositioun

Als Majorzgemeng, wou kéng politesch Lëschten, ma just Kandidaten opgestallt ginn, géif et och zu Réiden "kéng politesch Oppositioun" am Gemengerot, hunn d'Monique Kuffer an den Tom Faber nach betount. Et wier ëmmer gutt zesummegeschafft ginn.

Politesch Affiliatioune géife kéng Roll spillen, seet den Tom Faber. Et wier gewosst, datt hie bei der LSAP ass. Dat géif awer weder fir d'Gemengewahle vum 8. Oktober eng Roll spillen, nach mat Bléck op déi iwwernächst Gemengewahlen, wou d'Gemeng Réiden mat zimlecher Sécherheet iwwer 3.000 Awunner wäert hunn, an deemno eng Proporzgemeng, mat och politesche Lëschten, gëtt.

"Ech hu keng Parteikaart", seet hirersäits d'Monique Kuffer. Si wéilt sech och zu kenger Partei positionéieren. "Mir schaffe fir de Bierger, egal wéi eng Richtung et ass."

Bei de Gemengewahle ginn an der Gemeng Réiden op d'mannst véier vun den néng Gemengerots-Memberen net méi mat an d'Wahlen, dorënner de Buergermeeschter Henri Mausen.

Déi fënnef, déi nach eng Kéier kandidéieren, hätten sech schonn zesumme gedoen an eng nei Equippe vun néng Leit zesummegestallt. Si wéilten dat weiderféieren, wat an de leschte sechs Joer gemaach gouf, sou den éischte Schäffen.

Huet hien Ambitioune fir Buergermeeschter ze ginn? Dat wier eng Fro, déi d'Bierger mussen decidéieren, sou dem Tom Faber seng Äntwert.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Pierre Reyland
Lauschteren

Méi zum Thema

Wahlen.JPG Dossier

Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen