Régistre des bénéficiaires effectifs Wie stécht hanner Gesellschaften?
D'Gesetz, mat deem e Registre des bénéficiaires effectifs geschafe gëtt, trëtt haut a Kraaft. Gesellschaften an Entitéiten, déi am Lëtzebuerger Registre de commerce et des sociétés ugemellt sinn, mussen deemno Detailer iwwer hir reell Beneficiairë liwweren.

Den Zweck vum Regëster erkläert sech zum Deel duerch d'Panama Papers, déi gewisen hu wéi Suen, an d'Beneficiairen dovun, hanner onduerchsichtege Konstrukter verstoppt goufen. Dat huet d'EU motivéiert, méiglechst vill Transparenz ze fuerderen.
Déi nei Direktive géint de Blanchiment an d'Finanzéierung vum Terrorismus schreiwe vir, datt och d'Ëffentlechkeet d'Méiglechkeet soll kréien, déi reell Beneficiairë vu Gesellschaften nozesichen.
Vill Gesellschafte si betraff
All Gesellschaften an Entitéiten, déi am Lëtzebuerger Registre de commerce et des sociétés ugemellt sinn, mussen Detailer iwwer hir Beneficiairë liwweren. Dat gëllt och fir Filiale vun auslännesche Gesellschaften, Investmentfongen, ASBLen, an esouguer Veräiner. Wa si dat net, oder net richteg maachen, riskéiere si Strofe vun 1.250 bis 1.250.000 Euro.
Gefrot ginn zum Beispill d'Nimm an d'Nationalitéit vun de Beneficiairen, d'Land, wou si Resident sinn, an Detailer iwwer hir Interêten an der Gesellschaft.
Wien als Bénéficiaire effectif ugesi gëtt an identifizéiert muss ginn, ass gesetzlech definéiert. Dorënner falen zum Beispill och "Fiducien", op Englesch "Trust"-Strukturen, déi et erméiglecht hunn, Verméigen ze verstoppen. Et sinn awer och Ausnahme virgesinn.
Den Accès ass gratis
Den ëffentlechen Accès kann, op Demande, gespaart ginn, zum Beispill wann de Beneficiaire mannerjäreg ass. Accès zum Regëster gëtt et um Site vum Gestionnaire Luxembourg Business Registers. Den Accès ass zu Lëtzebuerg gratis.
Déi, déi direkt an den neie Regëster wëlle luusse goen, mussen sech awer gedëllegen: Et gëtt eng Iwwergangsphas vu sechs Méint. De Registre des bénéficiaires effectifs ass also eréischt vum 1. September un disponibel.
Detailer mam Pierre Reyland: