Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Black Keys - Tighten Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung wëllt Tankrabatt net iwwer August eraus verlängeren

Tankrabatt

Regierung wëllt Tankrabatt net iwwer August eraus verlängeren

Et wier fir de Moment an der Regierung keng Diskussioun, ob den Tankrabatt vu 7,5 Cent op de Liter Bensinn an Diesel nach eng Kéier verlängert gëtt, esou d'Finanzministesch Yuriko Backes am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

A Frankräich kéinten d'Spritpräisser an engem Mount wéinst enger geplangter staatlecher Remise temporär op 1,50 Euro de Liter falen.

Et kéint een d'Situatioun hei am Land awer net 1:1 mat de Nopeschlänner vergläichen, seet d'Yuriko Backes. An der Regierung wéilt ee sech op aner Mesurë konzentréieren.

Lauschterenplay_arrow

Et misst ee fir d'éischt kucken, wéi d'Situatioun sech weider entwéckelt, sou d'Finanzministesch: "Mir sinn an engem inflationisteschen Zenario", esou d'Yuriko Backes.

Et wier onkloer, wéi laang dësen Zenario nach géif undaueren, mee d'Regierung géif dat "ganz no" suivéieren. D'Regierung géif awer "alles maache" fir déi Leit ze ënnerstëtzen, "déi et am meescht brauchen", esou d'Yurko Backes.