Tripartite Regierung wëllt Energiepräisser deckelen

D'Energiepräisser an d'Inflatioun klammen, an d'Ekonomie geet a Richtung Stagnatioun. Fir iwwer Krisemesuren ze verhandelen, an de Stéit a Betriber ze hëllefen, war d'Regierung gëschter am Schlass zu Senneng mat de Gewerkschaften a mam Patronat zesummen. Et war déi éischt vun op d'mannst dräi Tripartite-Sëtzungen.

Pierre Reyland / sam

Tripartite
E Sonndeg um Schlass zu Senneng. Foto: SIP / Luc Deflorenne

Méi wéi siwe Stonne laang souzen déi 11 Ministere mat de Sozialpartner - also Vertrieder vun de Gewerkschaften OGBL, LCGB, CGFP, an, op de Patronats-Säit, der UEL, zesummen. Eng laang Sëtzung, also, wou awer nach näischt decidéiert gouf.

D'Stëmmung bei dëser éischter Tripartite-Ronn wier ganz gutt gewiescht, esou de Premier Xavier Bettel. Hien ass e Sonndeg den Owend eleng virun d'Presse getrueden - d'Gewerkschaften a Patronat wollten nach net reagéieren.

Et wier nach emol eng Analyse vun de Statec Previsioune gemaach ginn - mat enger warscheinlecher Index-Tranche dëst Joer, an zwou bis dräi Tranchen d'nächst Joer.

Energiepräis-Brems wier eng prioritär Mesure

De Premier sot, hien hätt béide Säiten awer och d'Iddi vun enger Energiepräis-Brems presentéiert, fir domat d'Inflatioun ze bremsen:

"An dat wier och eng Direkthëlllef fir d'Bierger, eng direkt Äntwert op hire Suergen. Et wier och eng direkt Äntwert fir d'Betriber well et géif och d'Inflatioun bremsen, an d'Kafkraaft vum eenzele manner schiedegen. Mee mir waarden do nach op Calculle vum Här Allegrezza."

Dës Rechnunge wäert de Statec Direkter Serge Allegrezza e Méindeg de Moien an der zweeter Tripartite-Sëtzung virstellen.

De Premier hofft, datt d'Sozialpartner mat der Energiepräis-Brems wäerten d'Akkord sinn - et wier eng Mesure, esou de Premier, déi prioritär misst verdéift ginn.

"Mir brauchen en Accord esou séier ewéi méiglech"

Et wéilt ee bis en Dënschdeg en Accord fonnt hunn, erkläert de Xavier Bettel, an hie wier normalerweis e groussen Optimist. Den Accord géif awer och nach Zäit brauchen, well hien hätt scho matgedeelt kritt, datt jiddereen nees bei seng Basis wéilt goen.

An den Index, mat der Fro, ob nächst Tranchë géifen ausbezuelt oder nees verréckelt ginn, läit och nach um Dësch. Hei géifen d'Meenungen ausernee goen. Et wiere Propositioune gemaach ginn, seet de Premier, mee d'Gewerkschaften an d'Patronat wieren sech net eens.

Wa bis muer keen Akkord fonnt gëtt, ginn d'Tripartite-Verhandlunge verlängert:

"Mee mir brauchen en Akkord esou séier ewéi méiglech. D'Leit stelle sech Froen, si kréien hir Acompten ze bezuelen. An et ass eis Responsabilitéit, datt d'Leit méi roueg Nuechte kënne verbréngen an Zukunft."

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pierre Reyland
Lauschteren

Méi zum Thema

Kaarten op den Dësch - Tripartite: Steve Heiliger, Nora Back, Dan Kersch
Kaarten op den Dësch

Dee sougenannte "Solidaritéits-Pak", deen eng Äntwert op déi héich Inflatioun soll sinn, bleift ëmstridden. Virun deem Hannergrond diskutéieren den Dan Kersch (LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister), d'Nora Back (OGBL-Presidentin) an de Steve Heiliger (CGFP-Generalsekretär).

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen