Däitschland Regierung vs Parlament?

Wéi vill Muecht sollt an der aktueller Pandemie eng Regierung hunn? A wéi vill e Parlament? Dësen Debat gëtt am Moment net nëmmen hei zu Lëtzebuerg geféiert. Bei eisen däitschen Nopere suergen d'Decisioune vun der Regierung Merkel bei de Parlamentarier fir Frust. An dat net just bei der Oppositioun.

Matthias Kirsch / cz

Merkel
Foto: dpa / picture alliance

Krise sinn d'Zäite vun der Exekutiv. Wéi dacks hu mer dëse Saz an den éischte Wochen a Méint vun der Corona-Pandemie héieren. Journaliste soten en, wéi déi grouss finanziell Rettungspaketer duerchgaange sinn. Oppositiounspolitiker soten en, fir hir Zoustëmmung zur Regierungsaarbecht ze argumentéieren.

An de Saz ass jo net ganz falsch. Wann et séier muss goen, kann d'Exekutiv net ëmmer op déi lues Mille vun der Legislativ waarden. Mee: Vun Ufank u gouf et d'Stemmen, déi hei virdru gewarnt hunn. Dacks waren et Verfassungsrechtler, déi soten: opgepasst. Elo gi mer an den zéngte Mount vun der Pandemie an Europa - an op ville Plaze brécht de Konflikt tëschent Regierungen a Parlament esou richteg op.

Merkel géint Mützenich

Esou och an der däitscher Parlamentslandschaft. Scho wéi an der leschter Woch de groussen November-Shutdown fir Däitschland ugekënnegt gouf, hunn Landesparlamenter a Bundestag ugefaangen ze knouteren. Et kéint net sinn, datt Kanzlerin a Ministerpresidenten permanent iwwer de Kapp vun hinnen - de gewielte Volleksvertrieder - géifen ewech decidéieren. De Problem: De Chef vun der gréisste Bundestagsfraktioun, den Uniouns-Chef Ralph Brinkhaus, huet dat anescht gesinn. Hien huet "senger" Kanzlerin de Réck gestäerkt.

Virun allem eng Parlamentsfraktioun huet awer net opgehalen, d'Regierung op dësem Punkt a Richtung vun engem Kompromëss ze drécken. Et kéint ee kengem veriwwelen ze mengen, dat misst jo eng Oppositiounspartei sinn. Mee: Nee. U viischter Front vun den Exekutiv-Kritiker steet den SPD-Fraktiounschef Rolf Mützenich.

Konflikt just ausgesat?

An esou gouf dës Woch eng Decisioun ugekënnegt, déi een - erënnere mer eis un de schéinen Exekutiv-Krise-Saz - bal net méi fir méiglech gehalen hat. Domat kann de Bundestag als nationaalt Parlament elo méi staark beaflossen, wéi eng Mesurë vun de Bundeslänner kënne geholl ginn. Bis elo louch dës Verantwortung um Enn bei de Länner selwer - ganz onofhängeg dovunner, wat zu Berlin beschloss gouf.

De Kompromëss, deem d'Kanzlerin Merkel an déi zwee Fraktiounscheffe vun der Majoritéit zougestëmmt hunn, kënnt aus zwee Grënn zum richtegen Zäitpunkt. Op der enger Säit, well dat däitscht Infektiounsschutzgesetz - inklusiv de neie Mesuren - Enn dës Woch fir d'éischte Kéier am Parlament debattéiert gëtt. Op der anerer Säit - an dëst dierft laangfristeg méi relevant sinn - si Regierung a Parlament enger gréisserer Muechtdiskussioun aus dem Wee gaangen. Op d'mannst fir den Ament.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen