Corona-Kris Regierung soll etappeweis Lockerung vu Mesuren decidéieren

De Regierungsrot soll e Mëttwoch Conclusiounen zéien iwwer déi progressiv Etappen, mat deenen déi aktuell Restriktiounsmesurë géint d'Ausbreedung vum neie Coronavirus kéinte gelackert ginn. Dat hu gutt informéiert Sourcen dem radio 100,7 confirméiert.

Exklusiv Gouvernement
Foto: Archiv

Déi Mesurë sinn elo zanter bal engem Mount en place. Dorënner d'Fermeture vun de Schoulen, déi op d'mannst nach bis de 4. Mee zoubleiwen.

D'Mesurë wäerte schrëttweis gelackert ginn, well och weiderhi muss drop opgepasst ginn, datt d'Zuel vun de Neiinfektiounen net esou séier an d'Luucht geet, datt d'Spideeler riskéiere mat Covid-19-Patienten iwwerfuerdert ze ginn, déi en Traitement brauchen. Am Nomëtteg sollen déi Decisiounen dann der Chamber an der Ëffentlechkeet ugekënnegt ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen