Steierpolitik Reform vun der Grondsteier: Wéini a wéi?

Déi blo-rout-gréng Koalitioun ass sech nach net eens iwwer déi geplangte Grondsteierreform. Datt de Besëtz vun Terrainen an Immobilien anescht soll besteiert ginn, stoung schon 2013 am Regierungsprogramm. Bis haut feelen ee konkreten Zäitplang an ee Konsens iwwer d'Zilsetzung vun der Reform.

Pia Oppel

Logement
Foto: Bigstock / FreedomTumZ

Alles wier prett, et misst ee sech just nach iwwer en Taux Eens ginn, sot den DP-Finanzminister Pierre Gramegna rezent op RTL. Mee wéini dat soll geschéien, bleift onkloer. Och, well d'Koalitiounspartner sech nach ëmmer net iwwer d'Zilsetzung Eens sinn.

D'Bedenke vun der LSAP

Den LSAP-Vize-Premier Dan Kersch hat rezent an engem Land-Interview ausgeschloss, datt d'Grondsteier esou staark géif erop gesat ginn, datt doduerch däitlech méi ongenotzte Bau-Terrainen kéinte mobiliséiert ginn. Dobäi gëtt d'Grondsteierreform am Regierungsprogramm ebe grad als Mesure géint d'Spekulatioun annoncéiert.

Dat géif fir d'LSAP esou och nach ëmmer gëllen, seet de sozialistesche Fraktiounschef Georges Engel. Mee den Dan Kersch hätt zu Recht och eng méi héich Besteierung vun de Plus-Valuën an d'Gespréich bruecht:

"Bei där Evolutioun déi mir hunn, mat deenen enorme Präisser an deenen enorme Plus-Valuën, déi do gemaach ginn, fannen ech et abwegeg net doriwwer nozedenken, fir déi Plus-Valuë méi ze besteieren."

DP: "Der Saach eng Chance ginn"

D'Bedenke vun der LSAP géifen hien am Fong net erstaunen, seet den DP-Fraktiounschef Gilles Baum. Déi dräi Parteien hätten ënnerschiddlech Iddien. D'Grondsteierfro kéint een trotzdeem léisen:

"Komm mir ginn där Saach elo Mol eng Chance. Mir mussen elo och Mol Zuelen op den Dësch leeën a kucken a wéi eng Richtung mir eis bewegen. Wat wichteg ass, ass dat wat am Koalitiounsaccord steet, datt mir um Haaptwunnsëtz näischt wëllen änneren, dat schéngt mir dat allerwichtegst."

Déi gréng wënsche sech Regierungsklausur virum Summer

Datt d'Grondsteier fir d'Eegenheem guer net klëmmt, wëll de François Benoy vun déi gréng esou kategoresch net ausschléissen - betount awer och:

"Et geet natierlech net drëms déi Leit ze bestrofen, déi an hirem eegenen Heem wunnen. Mir hunn immens vill Terrain am Perimeter, déi disponibel sinn a prioritär geet et drëms fir deen ze mobiliséieren an do Wunnraum ze schafen. Dat ass jo déi Haaptkris, déi mir hunn."

De grénge Vize-Premier François Bausch da sot eis op Nofro hin, hie géif sech eng Regierungsklausur nach virum Summer wënschen, wou dann och iwwer d'Grondsteier geschwat gëtt.

Méi zum Thema

Leners Rommes Riicht Eraus
Steiergerechtegkeet

Niddreg Steieren op Immobilien erhéijen d'Wunnengspräisser - doranner sinn de Keith O'Donnell (Atoz), de Jean-Jacques Rommes (CES) an de Max Leners (Fondation Robert Krieps) sech eens.

Logement
Logement

D'Grondsteier an der Stad gëtt net eropgesat. Déi entspriechend Motioun, déi vun der Majoritéit vun den Oppositiounsmemberen am Gemengerot abruecht gouf, ass net ugeholl ginn.

Taina Bofferding
Politesch Prioritéiten

Déi zukünfteg Grondsteier misst "gerecht a sozial" sinn, seet d'Taina Bofferding. Si misst awer och en Instrument ginn, fir d'Spekulatioun mat Terrainen ze ënnerbannen, esou d'Ministesch.

Den Etienne Schneider, de Xavier Bettel, d'Corinne Cahen an de Félix Braz.
Chamberwahlen 2018

DP, déi gréng an LSAP hunn no annerhallwem Mount Verhandlungen ee Regierungsprogramm ënnerschriwwen. Eng éischt Analys vun den 246 Säiten, iwwer déi d'Parteigremien nach mussen ofstëmmen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen