Europapolitik Réckbléck op den EU-Sommet - Brexit

Groussbritannien trëtt net, wéi geplangt den 29. Mäerz aus der EU aus. D'EU Staats- a Regierungscheffe waren d'accord fir den Datum ze verleeën. Elo ass den 22. Mee ee méiglechen Datum fir de Brexit, awer net deen eenzegen. D'Brite kéinten och scho vum 12. Abrëll un net méi Member vun der EU sinn. Wéini kënnt dann elo de Brexit? Doriwwer schwätze mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Danièle Weber / cbi

Analys Danièle Weber
Eis EU-Korrespondentin Danièle Weber. Foto: Elke Weber.

Déi britesch Premierministerin hat en Delai bis Enn Juni gefrot. Dat hunn déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen awer refuséiert. Et war ee sech eens, datt wann den Datum vum Brexit no deem vun dem Europawahle läit, d'Briten och missten Europawahlen organiséieren.

Dowéinst gouf den 22. Mee als Datum zeréckbehalen, awer just fir de Fall, wou dat britescht Parlament dem Brexit-Accord unhëlt. Den 11. Abrëll ass dee lescht méiglechen Datum, wou d'Briten organisatoresch nach kéinten Europawahlen organiséieren.

Wéi eng Optioune sinn elo méiglech? A wéi eng sinn am wahrscheinlechsten?


Lauschtert d'Gespréich mat der EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier Bettel - EU-Sommet Maerz 2019
EU-Sommet

De Xavier Bettel ass dogéint, datt de Brexit bis nom 23. Mee verluecht gëtt. Groussbritannie misst prett sinn, den Accord unzehuelen, éier een iwwerhaapt kéint en neien Datum envisagéieren.

Anti-Brexit Demonstranten Analys
Chronik

Zu London ass fir e Samschdeg eng Demonstratioun en Faveur vun engem neie Brexit Referendum geplangt. D'lescht Woch hat d'Parlament en neie Referendum mat enger grousser Majoritéit ofgeleent.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen