Annoncéiert Lockerungen Evenementiel an Oppositioun begréissen d'Lockerungen
Grouss Erliichterung am Horeca-Secteur an dem Evenementiel: Duerch déi annoncéiert Lockerunge vun der Regierung wier rëm villes méiglech, sou datt ee mat Optimismus op de kommende Summer kucke kéint. D'Fuerderungen, déi aus dem Secteur koume goufen zum groussen Deel Rechnung gedroen, heescht et vun der Horesca an der Luxembourg Event Association LEA.
De Charel Schroeder vun der LEA seet e wier "dankbar" no den Annoncë vun e Mëttwoch, et wier een zum Deel iwwerrascht wéi séier et op ee mol gaange wier. Déi nei Mesurë géife bedeiten, datt de Catering-Secteur erëm gréisser Eventer wéi Hochzäiten a Betribsfeiere plange kéint. Datt weiderhi Kontrolle bestoe bleiwe wier "novollzéibar" an och wichteg, fir datt Leit sech wuel a sécher spiere fir de Mask auszedoen.
Dem President vun der LEA no ass de Covid-Check, deen et erlaabt de Mask auszedoen, dee gréisste Fortschrëtt. Et wier kee Probleem fir an der Entrée "Leit ofzescanne fir ze kucken ob jiddwereen ee vun den 3Gen erfëllt".
Änlech positiv gestëmmt ass de Francois Koepp vun der Horesca. D'Fuerderunge vum Secteur, dorënner d'Ophiewe vun der Spärstonn an de Schnelltester goufen ëmgesat. Trotz allem wier et elo wichteg, datt d'Hëllefsmesurë fir d'Horeca-Betriber weider lafen. Jee no Lag wieren net all d'Betriber do wou se misste sinn, ausserdeem. De Secteur géif nach ëmmer en Effekt vum Home Office spieren. Och d'Hotellerie géif weiderhin un nidderegen Taux d'occupation leiden. De Francois Koepp rechent vir, datt de Secteur sech eréischt a ronn dräi Joer erhuele géif.
D'Oppositioun begréisst d'Lockerunge prinzipiell
D'Oppositiounsparteien an der Chamber sinn am grousse Ganzen zefridden iwwer d'Lockerungen. De Covid-Check mat de Certificate fir Geimpfter, Geheelter a Getester ass ganz positiv an den Ae vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler, dëst hätte kënne vill méi fréi agesat ginn. Hie géif sech awer eréischt eng definitiv Meenung maachen, wann den Text géif virleien.
D'ADR begréisst déi nei Fräiheeten déi annoncéiert goufen, mee nach ginn et Kontradiktiounen, bedauert den ADR-Deputéierte Jeff Engelen.
"Et ginn awer nach aner Widderspréch dran ewéi d'Discoen awer kënnen opmaachen an d'Kanner mussen an der Schoul an der Klass mat Maske sëtzen an sech zwee Mol d'Woch teste loossen."
De Covidcheck-System fir a Restauranten oder op aner Plazen sech méi fräi ze beweegen ass komplex, betount de Sven Clement vun der Piratepartei
"Et ass immens komplex an dowéinst musse mer den Text liesen. D'Regierung huet gëschter eppes annoncéiert a well se selwer iwwer hir eege Komplexitéit iwwerrascht waren, kënnen se den Text eréischt ee Freideg liwweren."
D'Detailer iwwer d'Lockerunge sollen nach Enn nächster Woch an der Chamber gestëmmt ginn, bis dohinner muss den Text an der Chamber nach ënner d'Lupp geholl ginn.